Fraquelfing

Vu Wikipedia
Fraquelfing
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Phalsbourg
Postcode 57830
Gemengecode 57233
Koordinaten 48° 38’ 25’’ N
      06° 59’ 22’’ O
Fläch  444 ha
Bevëlkerung  108 (1999)

Fraquelfing ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 282 - 374 Meter.

Um Territoire vun der Gemeng lafen zwou Baachen, de Ruisseau du pré Lemoine, an de Rupt, déi allen zwou iwwer d'Saar weider an d'Musel lafen.

Am Süde vun der Gemeng Läit de Bois de Harcholins.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Fraquelfing huet der Ziterzienserabtei vun Haute-Selle gehéiert, där hir Vogten all Grofe vu Petite-Pierre waren, éier et zesumme mat Phalsbourg an d'Herzogtum Loutrenge koum. Am Joer 1205 gouf aus der Uertschaft déi deemools Vrahelfingen geheescht huet eng Par.

Um Territoire vun der Uertschaft gëtt et Reschter vun engem merowengesche Kierfecht.

D'Kierch Notre-Dame vu 1730 gouf géint 1950 frësch opgeriicht.

Kuckt och[Quelltext änneren]