Fred Lawrence Whipple-Observatoire

Vu Wikipedia

De Fred-Lawrence-Whipple-Observatorium ass en astronomeschen Observatoire am Besëtz vum Smithsonian Astrophysical Observatory; et ass seng gréisst Nieweplaz a läit an der Géigend vun Amado am Arizona op den Hiwwele vum Mount Hopkins. E gouf 1968 gegrënnt.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun den 12 m-VERITAS-Teleskope

Den Observatoire logéiert och den MMT-Observatoire, deen zesumme mat der University of Arizona bedriwwe gëtt an e Spigelteleskop mat engem Duerchmiesser vu 6,5 m huet.

Weider Teleskope sinn

  • en 1,5 m Spigelteleskop,
  • en 1,2 m Spigelteleskop,
  • souwéi en 1,3 m Spigelteleskop.

De leschte mam Numm PAIRITEL (Peters Automated IR Imaging Telescope) gouf fréier fir d'Two Micron All Sky Survey (2MASS) agesat.

Op deem Terrain steet och den Infrared optical telescope array (IOTA), dee vu villen Instituter benotzt gëtt, an den Hungarian Automated Telescope (HAT).

Den Observatoire gouf bei den Ënnersichunge vun astronomescher héichenergetescher Gammastralung bekannt, beispillsweis 1984 mat der Entwécklung vum Tscherenkow-Teleskop (Imaging Atmospheric Cherenkov Telescope, IACT).

Véier Kilometer ëstlech steet de Very Energetic Radiation Imaging Telescope Array System (VERITAS), e Gammastralungsobservatoire. Dee besteet aus véier 12 m Teleskopen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]