Fred Whipple

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fred Whipple

De Fred Lawrence Whipple, gebuer de 5. November 1906 zu Red Oak/Iowa a gestuerwen den 30. August 2004 zu Cambridge/Massachusetts war en US-amerikaneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Whipple ass op enger Farm am Iowa opgewuess, bis seng Famill op Los Angeles geplënnert ass. Hie koum op de College, huet a Liewesmëttelgeschäfter vu sengem Papp gejobbt, wou hien d'Konne beroden huet an am Kapp gläichzäiteg d'Tëschenzomme vun hiren Akeef matgerechent huet. Hien hat eng Virléift fir Zuelen. Säi Wonsch, Tennisspiller ze ginn, huet sech net erfëllt, well hien u Polio erkrankt ass. Hien huet du Mathematik studéiert a sech entscheet, Astronom ze ginn.

Schonn op der Universitéit Berkeley, wou hie promovéiert huet, war hien un der Berechnung vun der Ëmlafbunn vum nei entdeckten Zwergplanéit Pluto bedeelegt. Duerno goung hien zu Harvard an de College Observatory, an huet sech do iwwer dausende vu Fotoplacke von Himmelsfotoe geknéit, ier e sech op d'Erfuersche vu Koméiten an Meteorite konzentréiert huet.

1933 huet hien de periodesche Koméit 36P/Whipple an den Asteroid (1252) Celestia entdeckt. Doriwwer eraus war hien Entdecker oder Matentdecker vu fënnef netperiodesche Koméiten, dorënner C/1932 P1 Peltier-Whipple, deen onofhängeg vum berühmten Amateurastronom Leslie Copus Peltier entdeckt gouf.

Während dem Zweete Weltkrich huet e fir d'Havard Radio Research Laboratories Aluminium-Reflekteren entwéckelt fir déi däitsch Radarsystemer ze stéieren. De Whipple ass virun allem bekannt fir seng grouss Aarbecht an der Koméitefuerschung a fir säi Konzept vun de „knaschtege Schnéiklatzen“ (dirty snowballs) fir d'Zesummesetzung vun de Koméiten, dat hien an engem Artikel am Astrophysical Journal 1950 virgeschloen hat. Ufanks huet hien den Ausdrock "icy conglomerate" gebraucht.

1955 gouf hie Leeder vum Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO). Do huet hien en optescht Poursuitësystem fir Himmelskierper entwéckelt, eng Serie vu sougenannte Baker-Nunn-Kameraen. Nom Start vum russesche Sputnik 1 am Oktober 1957, deen d'USA béis iwwerrascht hat, hunn d'Hiersteller zu South Pasadena séier déi éischt Kamera zesummegesat, fir Fotoe vun dëser "Wonnersaach" maachen ze kënnen.

De Whipple huet d'Observatiounstechniken an -instrumenter verbessert a mat Fotografie a Ballistik geschafft, fir d'Vitesse vu Meteoren ze berechnen. Wéi d'SAO 1973 am Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics opgoung, huet hien do weider gefuerscht. Mat 92 Joer koum den „Dr. Comet“ zum NASA-Koméiteprogramm Contour. Am Summer 2002 ass dat onbemannte Fuerschungsinstrument gestart ginn. De Whipple hat gehofft 100 Joer al ze ginn, fir dee fir 2006 geplangte Rendez-vous mam Koméit Schwassmann-Wachmann 3 nach z'erliewen.

De Whipple hat och als Éischten eng genee Bunn vum Pluto berechent.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Earth, moon and planets. - Cambridge, Mass.: Harvard Univ. Pr., 1952
  • The mystery of comets. - Cambridge, Mass.: Cambridge Univ. Pr., 1986. - ISBN 0-521-32440-8
  • Orbiting the sun: planets and satellites of the solar system. - Cambridge, Mass.: Harvard Univ. Pr., 1981. - ISBN 0-674-64125-6
  • Dirty snowball paper: Part I: ApJ 111 (1950) 375; Part II: ApJ 113 (1951) 464

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie