Free Software Foundation

Vu Wikipedia

D'Free Software Foundation (FSF), déi 1985 vum Richard Stallman gegrënnt gouf, ass eng Organisatioun déi sech fir d'Fërderung a Produktioun vu fräier Software asetzt, a versicht, Kapital fir de GNU-Projet zesummenzedroen.

Den 10. Mäerz 2001 gouf d'Free Software Foundation Europe gegrënnt, déi sech ëm d'europäesch Besoinen am Beräich fräi Software këmmert. Als offiziell Duechterorganisatioun vun der amerikanescher Free Software Foundation, konzentréiert si hir Aktivitéite ronderëm de GNU-Projet, mä net exklusiv.

Eng vun den Haaptaufgabe vun der FSF Europe ass d'Initiative vu fräier Software ze koordinéieren, e Kompetenzzentrum fir Politiker, Journalisten an Affekoten op d'Been ze stellen an déi néideg Infrastruktur fir fräi Software a speziell de GNU-Projet ze schafen. Mat GNU Savannah gouf zum Beispill soueng Entwécklerplattform fir fräi Software geschaf.

Am Februar 2003 huet d'FSF Europe d'Fiduciary Licence Agreement virgestallt, dat europäesche Softwareentwéckleren d'Iwwerdroe vun zäitlech onbegrenzten exlusiven Notzungsrechter a juristesche Vertriedungsrechter un d'FSF erméiglecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]