Frichë vun Esch-Belval
D'Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.
Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gouf. D'ArcelorMittal (d'Nofolger-Gesellschaft) bedreift haut nach en Elektro-Stoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen am Weste war, nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, eng Industriebrooch (Friche industrielle).
De 4. Abrëll 1996 hunn d'Lëtzebuerger Regierung an d'Arbed decidéiert, eng gemeinsam Struktur ze schafen, de Groupement d'intérêt économique pour l'étude de la reconversion des sites sidérurgiques (GIE-ERSID), fir der Arbed hire Frichen (am ganze ronn 650 ha.) nei Fonctiounen ze ginn. De GIE-ERSID huet 4 Siten als prioritär definéiert: Belval, Éilereng, Lentille Terre Rouge a Rodange.
Dorops gouf 1999 den Architektebureau Dewey & Muller beopdraagt, e Masterplang fir Belval auszeschaffen. Den 1. August 2001 gouf duerch e Gesetz Agora gegrënnt, wou de Staat an d'Arbed dra waren. Agora huet 2001 en internationalen Urbanisteconcours ausgeruff, dee vum Jo Coenen & Co gewonne gouf.
Inhaltsverzeechnes |
Fënnef nei Quartieren [änneren]
- d' Terrass vun den Héichiewen,
- d' Square Mile,
- de Park Belval
- Belval Nord, e Wunnquartier
- Belval Süd
Et sollen 1,3 Millioune m² gebaut ginn, op enger Fläch vun 69.000 m² Terrainen, déi bebaut géife ginn. 7.000 Leit kéinten do wunnen an der 25.000 do schaffen. Geplangt si Wunnegen, Geschäfter, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen, an och Sport-, Fräizäit- a Kulturariichtungen.
Ëm d'Infrastrukturen, déi vum Staat opgeriicht ginn, bekëmmert sech en ëffentlecht Etablissement, dat duerch e Gesetz vum 25. Juli 2002 gegrënnt gouf. Et ass den Établissement public pour la réalisation des équipements de l'État sur le site de Belval-Ouest, Fonds Belval genannt, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht.[1]
Uganks 2012 waren iwwer 50.000 Quadratmeter vu Gebaier fäerdeg. Ronn 1.000 Leit koumen dunn all Dag mam ëffentlechen Transport op Belval. Bis Enn 2011 goufen ewell ronn 3.000 Aarbechtsplazen um neie Site geschafen.[2]
D'Héichiewenterrass [änneren]
D'Héichiewenterrass (Terrasse des Hauts-fournaux) huet 27,6 ha. Do stinn, als Reschter vun der fréierer industrieller Aktivitéit op där Plaz, déi iwwer 80 Meter héich Héichiewen A a B, d'Gebléishal an d'Mëllerei, westlech vun den Héichiewen. Si ginn esou an d'Rei gesat, datt een härno ronderëm, resp. drënnererduech trëppele kann.
Den 2002 gegrënnte Fonds Belval huet als Aufgab, bannent 15 Joer d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation vun der Uni Lëtzebuerg do z'installéieren. Dës soll aus enger Rëtsch Gebaier bestoen, an déi d' Faculté des sciences, de la technologie et de la communication an d' Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, des Arts et des Sciences de l’Education ënnerbruecht solle ginn, mat hirem Zentralgebai, der Maison du Savoir. Dozou gehéieren och de CRP Gabriel-Lippmann, de CRP Henri-Tudor, de CRP-Santé an de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation ![]()
D'Rockhal war dat éischt neit Gebai, dat schonns 2005 seng Dieren opgemaach huet. Am Joer 2007 koum d'Verwaltungsgebai vun der RBC Dexia (haut RBC Investor Services) derbäi, wou eng 1.400 Leit schaffen, bei dat 2009 eng Extensioun dobäikoum, mat Plaz fir 400 Aarbechtsplazen.
Weider steet op der Héichuewenterrass de Belval Plaza 1 an 2, zwéi Komplexer vu Gebaier mat ë. a. dem CineBelval, engem Multiplex-Kino mat siwe Säll, an engem Akafszentrum. De Belval Plaza 1 huet am November-Dezember 2008 seng Dieren opgemaach, den 2. Komplex gouf am Laf vun 2011 fäerdeg gestallt; schonns am September 2010 war do e Supermarché opgaangen. D'Gare Belval-Université, där hiert neit Gebai och am September 2010 a Betrib geholl gouf, läit südlech dervunner an ass mat enger Passerelle dermatter verbonnen.
E weidere privat bedriwwene Projet ass e Gebai, "Feierstëppeler" genannt, hallef Hotel an hallef fir Wunnengen oder Büroen, dat am Mee 2011 fäerdeg gouf. En ëffentlecht Verwaltungsgebai, wou ë. a. d'nationaalt Waasserwirtschaftsamt, d'Ëmweltverwaltung an d'national Dateschutzkommissioun dran ënnerburecht sinn, gouf am Dezember 2012 a Betrib geholl. En Inkubator fir Start-up-Entreprisen kunnt schonns am Juli 2012 ageweit ginn[3].
Et besti Pläng fir e Centre national de la culture industrielle, nieft den Héichiewen, opzeriichten, mä hir Finanzéierung ass nach onsécher. Datselwecht gëllt fir en neie Site fir d'Lëtzebuerger Nationalarchiven.
Wat de Stroossebau betrëft, sou ass dee wichtegsten Deel déi sougenannt Liaison Micheville, déi vun Nord no Süd duerch en Tunnel, tëscht der Square Mile an der Héichuewenterrass, erduerch geet, an esou engersäts e besseren Zougang zum Site erméiglecht, mä och den Duerchgangsverkéier fir op d'Autobunn A4 aus Esch an Däitsch-Oth eraushale soll.
D'Square Mile [änneren]
Square Mile ass den Numm vun enger Fläch vun 20 ha, westlech vun der Héichiewenterrass. Do solle virun allem Büroen hikommen, 20% si fir Wunnenge geplangt, um Rez-de-chaussée si Geschäfter virgesinn. Si gëtt dominéiert vun den zwéi fréiere Zillen-Schaarschtecher vun der Aglomeréierung. Dës hunn am Fréijoer 2010 misse gekierzt ginn, well gefaart gouf, datt se bei engem Stuerm hätte kënnen an e Koup falen.[4] Opfälleg ass och de fréiere Sinter-Baséng matzen um Terrain, deen als Zeie vu fréier erhale gëtt.
De gréissten Deel vum Terrain steet nach eidel. Bis ewell si just déi zwou Säite laanscht d'Avenue du Swing bebaut, resp. am Gaang bebaut ze ginn. Op der nërdlecher Säit dovun ass d'Efesto-Gebai, mat der Inspection du travail et des mines an enger Agence vun der ADEM dran, déi am Summer 2012 erageplënnert sinn. Do dernieft baut bis Enn 2013 e private Fuerschungslabo säi Sëtz mat engem medezineschen Analysenzenter,[5] a fir de Schoulufank 2014 ass westlech dervun de Projet Square One vun 10.000 m² virgesinn, wouvunner 4.000 m² fir 175 Studentewunnenge geplangt sinn.[6] Op der südlech geleeëner Stroossesäit stinn dräi Gebaier, Southlane Tower 1 bis 3 genannt, déi jee 9 Stäck hunn. Dat éischt goung am Februar 2013 a Betrib; Haaptlocataire ass d'ILNAS. An dat mëttelst Gebai kënnt en Hotel, deen, grad wéi dat drëtt Gebai, dat fir Büroe virgesinn ass, 2014 fäerdeg soll ginn.[7]
De Belval Park [änneren]
Den ëffentleche Park gëtt op enger 33 ha grouss Fläch, westlech vun der Square Mile aménagéiert. E verbënnt déi verschidde Quartiere mateneen. Am Juni 2012 gouf e 700 m2 grousse Skatepark dran ageweit, a schonns am September 2011 huet do den neie Lycée Bel-Val säi Betrib opgeholl.
Weider ass geplangt, nieft dem Lycée e regionale Sportzentrum ze bauen, mat ë. a. enger Hal mat 2.500 Plazes an zwou Schwämmen.[8]
D'Quartiere Belval Nord a Sud [änneren]
De Quartier Belval Nord soll e Wunnquartier ginn, deen, op 25 ha, à terme 7.000 Leit soll en Ënnerdaach bidden. E soll sech an déi Strukturen, déi et schonns zu Bieles ginn, integréieren.
An enger éischter Phas sinn op enger 20 Hektar grousser Fläch 600 Logementer fir ronn 1.300 Awunner geplangt. Enn 2009 waren déi éischt 13 Appartementer a sechs Eefamillienhaiser prett fir eranzeplënneren.[9] 2012 goufe 4 weider Residenze fäerdeggestallt, an d'Bauaarbechten op 8 Parzellen, wouropper 230 Wunnenge gebaut ginn, an Ugrëff geholl. 2014 sollen do 400 Leit wunnen, spéiderhin der am ganzen 2.160.[8]
Ausserdeem huet d'Gemeng Suessem duer en neie Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) baue gelooss, dee Plaz fir 120 eeler Leit huet, wouvunner der 20-40 fir Demenz-Patienten.[10] De CIPA gouf am November 2012 a Betrib geholl.[11]
Op Belval-Süd ass virgesinn, datt éischter Eefamilljenhaiser hikomme sollen, et steet awer nach keen Datum fest wéini mat der Urbaniséierung ugefaange soll ginn.[8]
An op franséischer Säit? [änneren]
Den 8. Oktober 2009 huet de franséische President Nicolas Sarkozy ugekënnegt, datt bannent sechs Méint Pläng vun enger "Éco-cité" virgestallt géife ginn, déi südlech vum Site Belval, op franséischer Säit, gebaut sollt ginn.[12] Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf huet de 26. Januar 2010 zu Paräis mam franséische Staatssekretär Pierre Lellouche eng Konventioun ënnerschriwwen, fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze verbesseren.[13] Den 18. Abrëll 2011 goufen déi geplangten Aarbechten duerch en Décrét ministériel op d'Lëscht vun den "opérations d'intétêt national" gesat.[14] Den 8. Mäerz 2012 ass den Décret annonçant l’Établissement public d’aménagement (EPA) d’Alzette-Belval am franséische Journal Officiel publizéiert ginn.[15] Domatter steet d'gesetzlech Grondlag fir d'Infrastruktur, déi d'Aarbechten ausféiere soll.
Biller [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Esch-Belval – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Literatur [änneren]
- Denis Scuto, Christophe Knebeler: Belval. Passé, présent et avenir d'un site luxembourgeois exceptionnel (1911-2011). uni.lu, Agora, 2010. ISBN 9782879641201.
Referenzen [änneren]
- ↑ Gesetz vum 25. Juli 2009
- ↑ "Belval: D'Zukunft ass villverspriechend." RTL.lu - 23.05.2012, 16:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 16:16.
- ↑ "L'Incubateur d'entreprises: une double inauguration." in: magazine - le périodique du Fonds Belval 3/2012, S.4-11.
- ↑ Démontage partiel des anciennes cheminées de l’agglomération. belval.lu, 24.02.2010.
- ↑ "Ketterthill à Belval : 2013 une nouvelle adresse pour de nouveaux développements." paperjam.lu, 5.3.2012.
- ↑ "L'Uni louera 175 chambres en plus à la rentrée 2014." lessentiel.lu, Logement étudiant28 septembre 2012 07:19; Act: 27.09.2012 20:25.
- ↑ southlane.lu.
- ↑ 8,0 8,1 8,2 "Belval : Sanem prend la main". lequotidien.lu, 2012-05-23 19:59:00
- ↑ „'Wohnen im Park'.“ wort.lu 21.09.2009 15:23, aktualiséiert 21.09.2009 16:40.
- ↑ Projet CIPA
- ↑ "Le CIPA a ouvert ses portes à Belval Nord." Actualités op belval.lu, 2012-11-29.
- ↑ "Sarkozy verspricht 'Eco-cité' für Esch-Belval." wort.lu, 09.10.2009 10:38.
- ↑ "Belval: Accord tëscht Lëtzebuerg a Frankräich". rtl.lu,27.01.2010, 06:58 - Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2010, 09:30.
- ↑ Décret n° 2011-414 du 18 avril 2011 inscrivant l'opération d'aménagement dite d'Alzette-Belval parmi les opérations d'intérêt national.
- ↑ "Alzette-Belval: l’établissement public enfin créé!" Le Républicain Lorrain, publié le 09/03/2012 à 05:00.