Friddensgeriicht (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Gebai vum Friddensgeriicht, am Süde vun der Cité judiciaire.

D'Friddensgeriicht ass eng vun de Geriichtsinstitutioune vun der Lëtzebuerger Justiz.

Et gëtt Friddensgeriichter an der Stad Lëtzebuerg, zu Dikrech an zu Esch, deenen hir Kompetenz geographesch ass. Vu 1795 bis 1972 goufen et där awer souguer an all Kanton.

Déi wahrscheinlech gréisst Eegenaart vum Friddensgeriicht ass, datt een do keen Affekot brauch. Et gëtt och kee Riichterkollegium, et sëtzt ëmmer nëmmen een eenzege Riichter. D'Verhandlunge sinn alleguerte mëndlech.

Tribunaler um Friddensgeriicht [änneren]

Et gëtt um Friddensgeriicht 3 verschidden Tribunaler:

  • De Friddenstribunal, deen der Institutioun säin Numm gëtt, ass am Prinzip fir all d'Affairen zoustänneg där hire Wäert net méi ewéi 10.000€ ass. Donieft huet de Friddensriichter eng Rei exklusiv Kompetenzen déi d'Gesetz him gëtt (z. B. Ordonnances de paiement, an Affairë wou et ëm Bail à loyer, Saisie-arrêten, oder Pensions alimentaires baussent Scheedungs- oder Trennungsprozedur geet). Bei engem Sträitwäert bis zu 2.000 € gëtt et ausser a Spezialfäll kee Recours, driwwer ass den Appel um Bezierksgeriicht.
  • D'Aarbechtsgeriicht ass fir all d'Affairen zoustänneg an deenen et ëm en Aarbechtsverhältness geet. Nieft dem Riichter sëtzen do och zwéin Assesseuren. Am sougenannte Référé Travail sëtzt de President vum Aarbechtsgeriicht nees aleng a ka verschidde provisoresch Mesuren ordonnéieren. Bei engem Sträitwäert bis zu 1.250 € gëtt et kee Recours, driwwer ass den Appel op der Cour.

Um Spaweck [änneren]