Friedensreich Hundertwasser

Vu Wikipedia
Friedensreich Hundertwasser
Gebuertsnumm Friedrich Stowasser
Gebuer 15. Dezember 1928
Wien
Gestuerwen 19. Februar 2000
RMS Queen Elizabeth 2
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Éisträich, Neiséiland
Educatioun Akademie der bildenden Künste Wien
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Architekt, Timberszeechner, Zeechner, Ëmweltaktivist, Ekolog

De Friedensreich Regentag Dunkelbunt Hundertwasser, mam richtegen Numm Friedrich Stowasser, gebuer de 15. Dezember 1928 zu Wien a gestuerwen den 19. Februar 2000 op der RMS Queen Elizabeth 2, virun Neiséiland, war en éisträichesche Kënschtler, Designer an Architekt.

Hien zielt zu deene bekanntsten éisträichesche Kënschtler vum Enn vum 20. Joerhonnert an ass bekannt fir seng Biller, Entwërf fir Fändelen, Logoen, Timberen, Mënzen an Affichen. Als Archtiekt huet hie sech agesat fir eng Architektur déi "no beim Mënsch" ass. Vun him entworfe Gebaier hunn "organesch" Formen, si faarweg, aus verschiddene Materialer, an dacks an d'Landschaft integréiert.

Hien huet och gär no bei a mat der Natur gelieft, eng Zäitchen op der Küst vun der Normandie, duerno an engem Dall an Éisträich, a méi spéit ëmmer méi am Kaurinui-Dall an der Bay of Islands an Neiséiland. Bei Venedeg huet hien den Giardino Eden mat der Villa delle Rose kaaft.

D'Hundertwasserhaus zu Plochingen

Gebaier (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Hot springs, Bad Blumau
Hot springs, Bad Blumau


Documentairen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferry Radax: Hundertwasser - Leben in Spiralen (1966).
  • Ferry Radax: Hundertwasser in Neuseeland (1998).
  • Peter Schamoni: Hundertwasser Regentag (1972).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedensreich Hundertwasser – Biller, Videoen oder Audiodateien