Friedrich August Theodor Winnecke

Vu Wikipedia
Friedrich August Theodor Winnecke
Gebuer 5. Februar 1835
Heere
Gestuerwen 3. Dezember 1897
Bonn
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom
Member vun Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

De Friedrich August Theodor Winnecke, gebuer de 5. Februar 1835 zu Groß-Heere bei Hannover, gestuerwen den 3. Dezember 1897 zu Bonn, war en däitschen Astronom.

No sengem Studium war de Winnecke ufanks Assistent um Berliner Observatoire an tëscht 1858 an 1867 stellvertriedenden Direkter vum Pulkowo-Observatoire. Duerno huet hie laang Zäit als Privatmann zu Karlsruhe gelieft. Bei der Grënnunng vun der neier däitscher Universitéit Stroossbuerg war de Winnecke do Professer fir Astronomie.

Och wann d'Mëttele vum Institut am Ufank beschränkt waren, ass et ënner der Leedung vum Winnecke gelongen, den alen Observatoire a kuerzer Zäit zu héijem Prestige ze bréngen. Deen no senge Pläng nei gebauten Observatoire gouf Ufank vum 20. Joerhonnert eng vun deene beschten Ariichtunge fir astronomesch Fuerschungen an Europa.

De Winnecke hat groussen Undeel un där vun Däitschland gestarten Expeditioun fir d'Observatioun vum Venusduerchgang 1874, wou hie sämtlech Préparatioune geleet huet an och en Deel vun de Berechnunge selwer duerchgefouert huet. Seng eegen Observatioune bezéie sech besonnesch op verännerlech Stären, op "Niwwelflecken" (Galaxien) an Koméiten.

De Winnecke huet seng Plaz aus gesondheetleche Grënn am Joer 1886 opginn.