Friedrich Paulus

Vu Wikipedia
Friedrich Paulus
Gebuer 23. September 1890
Guxhagen
Gestuerwen 1. Februar 1957
Dresden
Doudesursaach Amyotroph Lateral Skleros
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitsch Demokratesch Republik
Educatioun Philipps-Universitéit Marburg
Aktivitéit Offizéier, Resistenzler

De Friedrich Paulus, gebuer den 23. September 1890 zu Breitenau an Hessen, a gestuerwen den 1. Februar 1957 zu Dresden, war en däitsche Generolfeldmarschall.

Am Éischte Weltkrich war de Friedrich Paulus schonn als Offizéier opgefall, dee verschidden Aufgaben erfëlle konnt.

Am Zweete Weltkrich war hien no der däitscher Mobilmaachung 1939 um Opbau vun den däitsche Panzertruppen an um "Barbarossa"-Plang fir de Russlandfeldzuch bedeelegt.

Am Januar 1942 huet hien de Kommando iwwer déi als Eliteneenheet bekannt 6. Arméi iwwerholl, mat där hien am November 1942 an der Schluecht vu Stalingrad, am zum gréissten Deel schonn eruewerte Stalingrad, duerch eng Géigenoffensiv vun der Rouder Arméi agekreest gouf. Duerch dem Friedrich Paulus seng Decisioun dem Adolf Hitler sengem perséinlechen Uerder, fir weeder auszebriechen nach ze kapituléiere nozekommen, si ronn 150.000 däitsch Zaldote gefall oder duerch Honger a Keelt ëmkomm. Am Januar 1943 huet de Friedrich Paulus dunn awer entgéint dem Uerder vum Hitler d'Decisioun geholl fir ze kapituléieren an hien ass mat 90.000 Zaldote vu senger Arméi an d'Krichsgefaangeschaft gaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Paulus – Biller, Videoen oder Audiodateien