Friedrich Hermann zu Solms-Baruth

Vu Wikipedia
Friedrich Hermann zu Solms-Baruth
Gebuer 25. Mäerz 1886
Gestuerwen 12. September 1951
Windhoek
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Aristokrat

De Friedrich Hermann Heinrich Christian Hans zu Solms-Baruth gebuer de 25. Mäerz 1886 zu Klitschdorf a gestuerwen den 12. September 1951 zu Windhoek an Namibia war en däitschen Adelegen a Resistenzler vum 20. Juli 1944.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Friedrich III. war dat véiert vu fënnef Kanner vum Fürst Friedrich II. zu Solms-Baruth (1853-1920) an der Louise Gräfin von Hochberg, Freiherrin zu Fürstenstein (1863-1938).

E war mat der Adelheid Prinzessin von Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg (1863-1938), aus dem Haus Dänemark bestuet a si hate fënnef Kanner.

D'Solms-Baruth stamen aus der sächsescher Linn Solms-Laubach, déi bis 1129 nogekuckt ka ginn. 1906 sinn d'Herzoge Solms-Baruth Fürste gemaach ginn. Dem Friedrich Hermann zu Solms-Baruth säi Papp war Kummerhär um Haff vum Keeser an Oberjägermeister.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Friedrich zu Solms-Baruth huet zu de Resistenzler vum 20. Juli 1944 gehéiert. Hien hat säi Schlass fir d'Virbereedunge vum Attentat zur Verfügung gestallt. No dem Attentat huet hie sech mat senger Famill an Namibia aus dem Stëbs gemaach. D'Nazionalsozialisten hunn duerno säi Schlass confisquéiert.

An Namibia huet hie grouss Wéngerten ugeluecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]