Friedrich Schütter

Vu Wikipedia
Friedrich Schütter
Gebuer 4. Januar 1921
Düsseldorf
Gestuerwen 17. September 1995
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Televisiounsschauspiller

De Friedrich Schütter, gebuer de 4. Januar 1921 zu Düsseldorf a gestuerwen de 17. September 1995 zu Hamburg, war en däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.

1951 huet de Friedrich Schütter mam Wolfgang Borchert d'Junges Theater zu Hamburg gegrënnt. Et sollt haaptsächlech drëm goen, eng Bün ze schafen, déi de jonke Kënschtler sollt op d'Been hëllefen an an Engems e Forum sollt si fir den dramateschen Theater vun där Zäit. Bis zu sengem Doud war de Schütter Direkter vun deem Theater, dat 1973, um véierten Doudesdag vum Ernst Deutsch ëmgedeeft gouf an Ernst Deutsch Theater.

De Schütter huet an enger Onmass vu Tëleesfilmer matgespillt. Mä am bekanntste war seng Stëmm. Hie war den däitsche Synchronspriecher vum Lorne Greene an der Bonanza- an an der Battlestar Galactica-Tëleesserie.

De Friedrich Schütter war vun 1979 bis 1987 mat der Schauspillerin Angélique Duvier bestuet, mat där hien a ville Rollen op de Bün stoung. 1987 ass d'Koppel auserneegaangen.

Nodeem de Schütter 1995 u Kriibs gestuerwe war, huet seng Fra Isabella Vértes-Schütter, eng Medezinnerin an Intendantin, den Theater weidergefouert.

CD[änneren | Quelltext änneren]

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]