Friedrich Wilhelm Raiffeisen
Den Friedrich Wilhelm Raiffeisen (* 30. Mäerz 1818 zu Hamm (Sieg); † 11. Mäerz 1888 zu Heddesdorf, haut Neuwied) war en däitsche Politiker a Philantrop.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
De Friedrich Wilhelm Raiffeisen gouf den 30. Mäerz 1818 zu Hamm an Däitschland gebuer. E war Buergermeeschter vu verschiddenen Uertschaften: vun 1845 u vu Weyerbusch/Westerwald, vun 1848 u vu Flammersfeld/Westerwald a schliisslech vun 1852 bis 1865 vum Amt vun Heddesdorf, haut Neuwied.
Säi Wierk [änneren]
De Raiffeisen hat d'Iddi vun der genossenschaftlecher Selbsthëllef wuel duerch seng Tätegkeet als jonke Buergermeeschter vu Flammersfeld kritt. E koum sécher duerch d'Leiden vun der Landbevëlkerung drop, déi wéinst schlechte Recolten dacks op Wucherer ugewise waren. Dofir huet en Darlehenskassenveräiner gegrënnt an huet esou der Landwirtschaft gehollef, an d'Ofrëtschen an de Misär verhënnert.
De Raiffeisen huet e wichtege Bäitrag zu der Sozialgeschicht vum 19. Joerhonnert geleescht a gëllt als e grousse Wohltäter aus der deemoleger Zäit.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Friedrich Wilhelm Raiffeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien |