Frigg

Vu Wikipedia
D'Frigg nom John Charles Dollman (1851-1934)

D'Frigg (südger. Frîja, ahd. Fria, nord. "Fra", "Freiesch") ass an der nordescher Mythologie d'Fra vum Odin, d'Mammegëttin souwéi d'Schutzgëttin vum Liewen a vum Bestietnes. Et besti vill Paralellen zu der Gëttin Freya a se gëtt dowéinst och dacks mat hir verwiesselt.

Stellung an Attributer[änneren | Quelltext änneren]

D'Frigg hëlt eng speziell Roll an, well et d'Fra vum Odin ass, dem héchste vun de Gëtter. S'erschéngt als Herrscherin iwwert d'Asen, souwéi als Weltemamm, déi och iwwer zukünfteg Saache Bescheed weess an dowéinst beréit se den Odin deen de Wafthrudni zu engem mëndlechen Duell vun de Weise wëll erausfuerderen.[1].

D'Frigg ass d'Duechter vum Fjörgynn an d'Schwëster vun der Fulla. S'ass d'Mamm vum Baldr, dem blannen Hödur, dem Hermodur an dem Braggi souwéi vun all de Valkyren.

Wann d'Frigg zesumme mam Odin, d'Mënschen op der Äerd besicht, da bréngt se Gléck an d'Haiser.[2]. D'Frigg erschéngt als eng Gëttin déi spënnt a wieft.[2]

No der Frigg ass iwwregens och de Freideg genannt ginn (Frijetag respektiv frîatag - ahd. "Dag vum Fria"; eng. "Friday")[2].

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

D'Planz Orchis maculata heescht nach haut an Island "Gras vun der Frigg" a gëtt gär geholl fir senger Freiesch ze schenken.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frigg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Paul Herrmann: Nordische Mythologie, Anaconda Verlag, Köln, S. 277-279, ISBN 978-3-86647-675-2
  2. 2,0 2,1 2,2 Gerhard J. Bellinger: Knaurs Lexikon der Mythologie, area, Erftstad 2005, S. 155, ISBN 3-89996-270-2