Fritten

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Portioun Fritten

Fritte sinn an der Längt geschnidde Gromperen, déi am Fett gebak sinn.

Fir gutt Fritten ze maachen ass et wichteg datt een déi richteg Gromperenzort hëlt. Et solle Grompere si mat engem héije Steifgehalt, well an deenen net sou vill Waasser ass. Dat verhënnert, datt d'Fritt nom Baken zesummefält.

  • Temperature beim Bake vu Fritten

Zu Lëtzebuerg ass zanter Joerzéngten d'Gromperenzort Bintje, eng mielzeg Gromper, déi beléiftst Zort fir Fritten. Se huet hiren Numm vun der Bintje Jansma, a gouf vum hollännesche Botaniker Kornelis Lieuwes de Vries 1905 aus enger Kräizung tëscht den Zorte Munstersen a Fransen geziicht.

Déi gréisst Produzente vu Fritte sinn déi kanadesch McCain Foods, d'J. R. Simplot Company a Lamb Weston.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fritten – Biller, Videoen oder Audiodateien