Fritzi

Vu Wikipedia

D'Fritzi war en aussergewéinlechen, zame Fuuss (eigentlech eng Féchsin) déi vun 1996 bis 2009 bei der Micheline Frauenberg zu Käerch gelieft huet.

Am Abrëll 1996 koum d'Fritzi zesumme mat sengen 3 Geschwëster am Alter vun ongeféier 10 Deeg bei d'Madamm Frauenberg, well seng Mamm an der Schounzäit geschoss gi war. Et ass der Micheline Frauenberg gelongen, déi véier Welpe grousszezéien, ënnerstëtzt vun hiren zwéin Hënn. Am Hierscht sollte se dunn ausgewëldert ginn, wat mat dräi vun hinnen och funktionéiert huet, just bei der Fritzi net. Hatt wollt net eleng bleiwen an ass ëmmer nees zeréckkomm.

Fir d'Fritzi als Hausdéier ze hale war eng ministeriell Geneemegung néideg, déi awer problemlos ausgestallt gouf.

Duerch säin aussergewéinleche Charakter huet d'Fritzi sech mat der Zäit zu engem richtege Mediestar entwéckelt. Zesumme mat senger 'Adoptivmamm' ass en a vill Schoulklasse gaange fir de Kanner eng Freed ze maachen. A villen Zeitungen, Zäitschrëften a Fernseesendungen zu Lëtzebuerg an am Ausland si Berichter iwwer d'Fritzi geschriwwen a gewise ginn.

Vun 2003 un huet et och a verschiddene Filmer eng Roll iwwerholl. Am Februar 2008 ass et bei der Fernseesendung "Das unglaubliche Quiz der Tiere" mam Frank Elstner dobäi gewiescht.

Säi leschten TV-Optrëtt war am Hierscht 2009 fir déi franséisch Déieresendung «30 millions d'amis» op FR3. D'Ausstralung am Januar 2010 huet et awer net méi erlieft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]