Frontalier

Vu Wikipedia

E Frontalier (oder Grenzgänger) ass eng Persoun, déi am Nopeschland vun deem Land schafft, an deem se wunnt.

Frontalieren zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg geet zënter Joerzéngten an d'Luucht. 2021 waren et der 212.000, respektiv 46 Prozent vun de Salariéen. D'Hallschent vun de Frontaliere koumen aus Frankräich, e Véierel aus Däitschland an e Véierel aus der Belsch. 59 Prozent vu de Salariéë ware Männer, 41 Prozent Fraen.[1]

Evolutioun vun der Zuel vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg:

1980: 011.900
1990: 035.000
1995: 055.500

Frontaliers non résidents

Joer 2000 2001 2002 2003 2004 2005 2006 2007 2008 2009 2010 2011 2012 2013 2014 2015 2016 2017 2018 2019 2020 2021
Frankräich 46,7 52,0 54,5 56,1 58,2 61,1 64,6 69,2 73,6 73,6 75,0 77,2 78,9 80,0 82,3 85,5 89,8 94,3 99,5 105,2
Belsch 24,3 26,6 27,9 28,6 29,7 31,4 32,9 35,0 37,1 37,3 37,8 38,9 39,6 40,4 41,4 42,3 43,6 44,9 46,6 48,1
Däitschland 16,1 18,0 19,3 20,4 22,4 25,3 28,0 31,2 34,7 35,6 36,5 37,8 38,8 39,6 40,5 41,7 42,8 44,1 45,8 47,5
Total 87,0 96,6 101,6 105,1 110,4 117,8 125,6 135,5 145,4 146,5 149,3 154,0 157,3 160,0 164,3 169,5 176,3 183,3 191,9 200,9

Frontaliers résidents

Joer 2000 2001 2002 2003 2004 2005 2006 2007 2008 2009 2010 2011 2012 2013 2014 2015 2016 2017 2018 2019 2020 2021
Frontaliers résidents 8,8 8,7 8,6 9,0 9,3 10,1 10,1 10,9 11,1 11,3 11,2 11,3 11,3 11,9 11,9 12,2 12,7 12,9 13,0 13,1

x 1000; Quell: "Vue d'ensemble du marché su travail." STATEC.

Enger Etüd vum STATEC no ginn d'Frontaliere ronn 20 % vun hirer Pai zu Lëtzebuerg aus; dat waren am Joer 2007 ronn 1,2 Milliarden Euro.[2]

Wéinst deenen deiere Grondstécks- an Haiserpräisser zu Lëtzebuerg gëtt et och ëmmer méi Lëtzebuerger selwer, déi dëse Status hunn.

Der Interregionaler Arbeitsmarktbeobachtungsstelle (IBA) an der Groussregioun no sinn am Joer 2019, 98.910 Leit aus Loutrengen, 9.600 aus dem Saarland, 34.600 aus Rheinland-Pfalz a 45.150 aus Wallounien op Lëtzebuerg schaffe komm. An d'Géigerichtung sinn awer just 400 Awunner vun Lëtzebuerg a Wallounien, 200 a Rheinland-Pfalz, 40 an d'Saarland a keen an d'Lorraine gefuer fir schaffen ze goen.[3]

Duerch COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg hu vill Frontalieren deelweis oder ganz am Homeoffice geschafft. De 14. Dezember 2020 huet de Ministère vun der Sécurité sociale matgedeelt, datt e speziellen Accord iwwer den Homeoffice tëschent Lëtzebuerg an den 3 Nopeschlänner geschloss gouf. Domat hunn eng 200.000 Frontalieren d'Méiglechkeet kritt, bis den 30. Juni 2021 vun Doheem aus ze schaffen, an awer weiderhin zu Lëtzebuerg bei der Sécurité Sociale affiliéiert ze bleiwen[4]. Wéi den Homeoffice vum Summer 2021 gereegelt gëtt, bleift onkloer[5].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Belkacem, Rachid, Isabelle Pigeron-Piroth (éd.), 2013. Le travail frontalier au sein de la Grande Région Saar-Lor-Lux: Pratiques, enjeux et perspectives. PUN - Éditions Universitaires de Lorraine, Collection: Salariat et transformations sociales. 502 p. ISBN 978-2-8143-0137-5
  • Christian Wille, 2012. Grenzgänger und Räume der Grenze. Raumkonstruktionen in der Großregion SaarLorLux. Frankfurt/Main, Peter Lang, 2012 (Luxemburg-Studien, Bd.1), 393 S.
  • Wille, Christian / de Bres, Julia / Franziskus, Anne: Interkulturelle Arbeitswelten in Luxemburg. Mehrsprachigkeit und kulturelle Vielfalt am Arbeitsplatz von Grenzgängern. In: Interculture Journal. Zeitschrift für Interkulturelle Studien. Nr. 17, 2012, S. 73-91.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "D'Hallschent vun de Frontaliere kommen aus Frankräich." rtl.lu, 29.04.2022.
  2. http://www.statistiques.public.lu/fr/communiques/economie/prix_salaires/2008/06/20080617/index.html
  3. Interregionale Arbeitsmarktbeobachtungsstelle, gelies den 11. Mäerz 2021
  4. Prolongation de l'accord sur l'affiliation à la sécurité sociale des travailleurs frontaliers concernant le télétravail jusqu'au 30 juin 2021
  5. Thomas Klein, Grenzpendler: Wenn das Homeoffice teuer wird, op wort.lu an am Luxemburger Wort vum 11. Mäerz 2021 op S. 10

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]