Fructidor

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner 

De Fructidor war den zwieleften a leschte Mount vum franséische republikanesche Kalenner.

Op e puer Deeg méi oder manner huet de Fructidor vum 18. August bis zum 16. September vum Gregorianesche Kalenner gedauert.

Ausserdeem huet de Fructidor ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vun der Jongfra vum tropeschen Déierekreeszeeche leeft.

Den Numm koum vun der Expressioun « des fruits que le soleil dore & mûrit d'août en septembre », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.

Well déi 12 Méint vum republikanesche Kalenner nëmmen 30 Deeg haten (=360 Deeg) goufe 5 (oder 6 bei de bisextile Joren) Deeg nom leschten Dag vum Fructidor derbäigesat, dëst waren d'Sans-culottides (Dekreet vum 7. Fructidor Joer III).

Deeg[änneren | Quelltext änneren]

Nimm vun den Deeg am Fructidor
  1re Décade 2e Décade 3e Décade
Primidi 1. Prune 11. Pastèque 21. Eglantier
Duodi 2. Millet 12. Fenouil 22. Noisette
Tridi 3. Licoperde Lycoperdon 13. Epine vinette 23. Houblon
Quartidi 4. Escourgeon 14. Noix 24. Sorgho
Quintidi 5. Saumon
Barbeau
15. Truite
Goujon
25. Écrevisse
Sextidi 6. Tubéreuse 16. Citron 26. Bigarade
Septidi 7. Sucrion Escourgeon/Orge d'hiver 17. Cardière 27. Verge d'or
Octidi 8. Apocyn 18. Nerprun 28. Maïs
Nonidi 9. Réglisse 19. Tagette Tagete 29. Marron
Decadi 10. Échelle 20. Hotte 30. Panier
Corbeille
modern franséisch Nimm si kursiv geschriwwen - Virschléi vum Fabre d'Églantine, déi net akzeptéiert goufe, si kleng geschriwwen

Ëmrechnungstabell[änneren | Quelltext änneren]

Ëmrechnungstabell tëscht republikaneschem a gregorianeschem Kalenner
fir de Fructidor
Joer I Joer II Joer III Joer IV Joer V Joer VI Joer VII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16
August 1793 1794 1795 1796 1797 1798 1799 September
Joer VIII Joer IX Joer X Joer XI Joer XII Joer XIII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17
August 1800 1801 1802 1803 1804 1805 September
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.