Fundamentaltheologie

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fundamentaltheologie behandelt d'Grondlage vun der Theologie (Virausetzunge vum Glawen, praeambula fidei) souwéi d'Relatioun vun dëser mat anere Wëssenschaften wéi z. B. der Philosophie oder der Sproochwëssenschaft. Hiert Aufgabefeld ass sou an éischter Linn d'fides qua creditur (de Glawen duerch dee gegleeft gëtt) am Géigesaz zur Dogmatik déi sech mat der fides quae creditur (de Glawen dee gegleeft gëtt) also de Glawensinhalter beschäftegt, a mat där zesumme se d'systematesch Theologie duerstellt.

Historesch gesinn entspréngt d'Fundamentaltheologie der Apologetik där hiert Zil et war de Glawe géint den Atheismus, géint aner Reliounen a géint aner Konfessiounen ze verdeedegen.