Furi

Vu Wikipedia
Furi mat hannen am Dall Zermatt
Furi

Furi ass den Numm vun engem Plateau uewerhalb vun Zermatt op 1864 m.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Um Furi sinn eng Rei Chaleten an Restauranten. Verbindung zu Zermatt huet een iwwer eng Strooss, déi mat Elektroautoen am Summer ze befueren ass an och duerch 2 Seelbunnen.

Bedeitung am Schigebitt vun Zermatt[änneren | Quelltext änneren]

Furi-Matterhorn Paradise[änneren | Quelltext änneren]

De Furi ass e wichtege Dréi- an Aangelpunkt am Schigebitt vun Zermatt. Vun Zermatt aus erreecht een als Schifuerer a Foussgänger de Furi mat Seelbunnen, déi am Duerfgebitt vu Schluhmatten fortginn. Zanter 2003 gëtt et do eng nei Ëmlafseelbunn mat Panoramafënsteren, de Matterhornepress. Deen huet seng éischt Tëschestatoun um Furi ier en do no engem Richtungswiessel iwwer Aroleid op de Schwarzsee geet. Déi al Seelbunn existéiert och nach. Si leeft parallell zum éischten Tronçon vum Matterhornexpress a gëtt just nach a Stousszäite benotzt fir d'Waardezäit an der Dallstatioun vum Matterhornexpress ze verkierzen.

Bis virun e puer Joer konnt ee mat enger Pendelkabinn direkt vum Furi op Furgg fueren. Déi Kabinn gouf awer ofgebaut.

En Haaptgrond fir déi Kabinn aus dem Betrib ze huelen ass nieft dem Matterhornexpress d'Pendelkabinn Furi-Trockner Steg. Doduerch ass de Furi e wichtegen Dréipunkt fir op d'Klengt Matterhorn ze kommen, den héchste Punkt deen en an Europa mat enger Kabinn erreeche kann. Well bei der Kabinn Furi-Trockner Steg dacks laang Waardezäite sinn, gëtt gerode mam Matterhorn-Express bis op de Schwarzsee ze fueren an da via Furgg op den Trockener Steg ze fueren.

Souwuel vum Schwarzsee wéi och vu Furgg kënnt eng Schipist op de Furi. Déi Pist vu Furgg ass eng schwaarz an trotz Beschnéiung meeschtens staark veräist an nëmme ganz gudde Schifuerer unzeroden. D'Pist vum Schwarzsee ass eng rout, an huet no e puer géie Passagen e laangen Zéiwee den tëscht rustikale Chaleten um Furi erauskënnt. Do kann een och iwwer d'Stafelalp op de Furi fueren. Déi Pist ass méi einfach a kann och vu manner gudde Schifuerer benotzt ginn.

Furi-Gornergrat[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Dezember 2006 gëtt et eng nei debrayabel Kabinnebunn, de Riffelberg-Express. Et handelt sech wéi beim Matterhorn-Express ëm Panoramakabinnen déi déi laang erwaarte Verbindung zum Gornergrat iwwer de Riffelberg méiglech maachen. Virdrun war et nëmme méiglech, vum Gornergrat Richtung Matterhorn Paradise ze fueren, mä net emgekéiert. Vum Furi aus kënnt een a wéinege Minutten ouni Waardezäit op de Riffelberg. Déi Seelbunn huet eng Zwëschestatioun op enger Plaz déi nach zum Furi gehéiert awer méi déif läit, soudatt d'Pist vun der Riffelalp vun do aus z'erreechen ass.

Furi-Zermatt[änneren | Quelltext änneren]

Vum Furi geet eng rout Pist zeréck op Zermatt. Déi Pist ass beschneit mä bei héijen Temperaturen a wéineg Schnéi schlecht ze fueren an dofir benotze vill Leit de Matterhorn-Express fir zeréck op Zermatt ze fueren.