Futurama

Vu Wikipedia
Vu lénks no riets: Leela, Amy, Professer Farnsworth, Fry, Dr. Zoidberg, Bender an Hermes

Futurama ass eng Science-Fiction-Trickfilmserie vum Matt Groening an dem David X. Cohen, déi och schonn zesummen déi grad sou vum Matt Groening produzéiert Serie The Simpsons geschaf hunn. Futurama ass vum 28. Mäerz 1999 bis den 10. August 2003 um US-amerikanesche Fernseesender Fox Network gelaf an ass elo nach a Widderhuelungen an Iwwersetzungen a ville Länner weltwäit ze gesinn.

Futurama gëtt et och als Comic, dee beim Matt Groening sengem Verlag Bongo Comics erauskënnt.

Mat Futurama huet de Matt Groening seng laangjäreg perséinlich Leidenschaft fir Science-Fiction opgeschafft a se gläichzäiteg op eng witzeg an ironesch Aart a Weis persifléiert.

D'Geschicht fänkt domat un datt d'Haaptfigur Fry zum Joreswiessel 1999/2000 duerch en ongeschéckten Zoufall "agefruer" an eréischt dausend Joer méi spéit op Silvester 2999 erëm entdeet gëtt. D'Serie beschreift dem Fry säin Alldag a seng Aventurën.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Futurama – Biller, Videoen oder Audiodateien