Gábor Darvas

Vu Wikipedia
Gábor Darvas
Gebuer 18. Januar 1911
Satu Mare
Gestuerwen 18. Februar 1985
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Franz-Liszt-Museksakademie
Aktivitéit Komponist, Musikolog

De Gábor Darvas gebuer den 18. Januar 1911 zu Szatmárnémeti (Siebenbürgen), haut Satu Mare (Rumänien, a gestuerwen den 18. Februar 1985 zu Budapest) war en ungaresche Komponist a Musekswëssenschaftler.

De Gábor Darvas (bis 1952 Gábor Steinberger) gouf 1911 zu Szatmárnémeti a Siebenbürgen gebuer. 1918 ass hie mat senger Famill op Budapest geplënnert, wou en an de Lycée an an de Conservatoire gaangen ass. Vun néng Joer un huet hie Piano geléiert an tëscht 1926 an 1932 studéiert hien op der Franz-Liszt-Musekakademie zu Budapest; fir d'éischt Fagott, duerno Kompositioun beim Zoltán Kodály.

An den 30er Jore si seng Orchesterkompositiounen dacks a Concerten a besonnesch am ungaresche Radio gespillt ginn. 1939 verléisst hien Ungarn a lieft am Zweete Weltkrich am Chile. Eng Zäit laang war hie Mataarbechter vum Dirigent Erich Kleiber.

1948 ass en an Ungarn zeréckkomm. Do war hie bis 1972 musikalesche Beroder beim ungaresche Radio an der Plackefirma Hungaroton. Bis zu sengem Doud 1985 zu Budapest huet de Gábor Darvas nach en ettlech Bicher iwwer Musek geschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]