Gärtnerbruderschaft St. Fiacrius

Vu Wikipedia

D'Gärtnerbruderschaft St. Fiacrius ass d'Vereenegung vun de Lëtzebuerger Gäertner, a Persoune vun de Beruffer, déi deem vum Gäertner nostinn.

Si ass de 14. August 1808 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, an den 8. Abrëll 1864 duerch en Dekreet vum Poopst Pius IX an der Kathedral Notre-Dame (Lëtzebuerg) an der Stad kanonesch instauréiert ginn. Éischte President war de Jean Baptiste Krips aus Clausen[1]

Vum 26. bis de 27. September 2008 ass, fir den zweehonnertste Gebuertsdag vun der Brudderschaft, an der Stad Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier d'"Fête Internationale Saint-Fiacre" baussent Frankräich organiséiert ginn.
Den Héichpunkt vun der Feier war en internationale Blummen- a Friichtekorso duerch d'Stad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Dr P.J. Muller, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, 4. Editioun, 1968, S.189