Géigereformatioun

Vu Wikipedia

Als Géigereformatioun gëtt d'Reaktioun vun der kathoulescher Kierch um Martin Luther seng Reformatioun, déi vu Wittenberg ausgaangen ass, bezeechent. D'Géigereformatioun huet sech an de Beräicher vun der Theologie an de Kierchen ofgespillt a sech meeschtens op geeschteg Ausenaanersetzunge beschränkt. Dëst léisst sech ufanks och ënner dem Begrëff Kathoulesch Reform zesummefaassen.

De Begrëff Géigereformatioun bezeechent ausserdeem de Versuch vun der réimesch-kathoulescher Kierch fir de Protestantissem am Allgemengen zeréckzedrängen, well dëse souwuel politesch wéi och a sengen Institutioune Strukture kritt huet, déi mat reng theologesch-geeschtleche Mëttelen net méi wierksam bekämpft kënne ginn.

Geschicht vum Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

Den Ausdrock Géigereformatioun huet 1776 de Göttinger Jurist Johann Stephan Pütter an der Literatur agefouert. Hien huet dorënner d'gewaltsam Zeréckféierung vun de Protestanten zur kathoulescher Relioun verstanen. 1889 huet dësen Ausdrock sech als Bezeechnung vun engem Zäitraum, dee bis an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich gereecht huet, agebiergert.

Entwécklung vun der Géigereformatioun[änneren | Quelltext änneren]

Virreider vun der Géigereformatioun war de 1534 duerch den Ignatius vu Loyola gegrënnte Jesuittenuerden. Iwwerhaapt haten d'Jesuitten, déi vum Poopst Gregor III. tatkräfteg ënnerstëtzt goufen, e groussen Undeel un der Géigereformatioun an Europa.

Den Ausgankspunkt war de Konzil vun Trient (vun 1545 bis 1563 (mat Ënnerbriechungen)). Dëse Konzil huet déi dogmatesch a liturgesch Differenzen zum Protestantismus betount a gläichzäiteg déi wichtegst Mëssstänn an der deemoleger kathoulescher Kierch ofgeschaaft. Doduerch ass probéiert ginn d'Ugrëffsméiglechkeeten anzeschränken.

An den habsburgereschen Ierflänner, déi, mat Ausnam vun Tyrol, majoritär protestantesch gi waren, ass d'Géigereformatioun am grousse Stil mam Keeser Rudolf II. am Joer 1576 a mat extreemer Schäerft duerchgeféiert ginn. Déi protestantesch Stänn, déi an der béimescher Konfederatioun zesummegeschloss waren, hu rebelléiert. Dës Revolt ass als Prager Fënsterstuerz an d'Geschicht agaangen a huet 1618 den Drëssegjärege Krich ausgeléist. D'béimesch Konfederatioun ass 1620 beim Wäisse Bierg (Bila Hora) bei Prag vum Ferdinand II. geschloe ginn. De protestanteschen Adel vu Béimen ass ausgewisen oder zum Konfessiounswiessel gezwonge ginn.

Am Frankräich hunn zanter 1559 d'Hugenotten, déi bis dohin am Ënnergrond agéiert hunn, probéiert fir d'Unerkennung vun hirem Glawen z'erreechen. Dobäi si se vun der englescher Kinnigin Elisabeth I. ënnerstëtzt ginn. D'Englänner wollten déi franséisch Katholicken an d'Defensiv drängen, fir déi Propriétéiten, déi si 1559 un d'Fransouse verluer haten, zeréck z'erueweren. Besonnesch Calais huet si intresséiert, well dat d'Kontroll iwwer den Äermelkanal bedeit huet. D'Hugenotten hunn hir Rechter awer refuséiert kritt a si si vum Staat verfollegt ginn. Dës Verfollgung huet de 24. August 1572 mat der Bartelméisnuecht ugefaangen an huet zu konfessionelle Biergerkricher gefouert, déi eréischt 1598 mam Edikt vun Nantes opgehalen hunn. Den 23. Oktober 1685 ass dësen Edikt vum Kinnek Louis XIV. vu Frankräich durch den Edikt vu Fontainebleau widderruff ginn. Doropshi sinn d'Hugenotten aus Frankräich geflücht a vill sinn der bis a Brandenburg gezunn, well do den tolerante Kurfürst Friedrich III. vu Brandenburg hinnen Asyl gewäert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schnabel, Franz: Deutschlands geschichtliche Quellen und Darstellungen der Neuzeit, Bd I: Das Zeitalter der Reformation 1500-1550, 2. Oplo, 1972
  • Zeeden, Ernst W. / Molitor, Hansgeorg: Die Visitationen im Dienst der kirchlichen Reform, 2. Oplo, 1977

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]