Géigerevolutioun

Vu Wikipedia

Eng Géigerevolutioun oder Konterrevolutioun (lat. contra = géint) sinn déi tatsächlech oder vermeintlech Kraaft an d'Aktivitéite géint eng Revolutioun.

Géigerevolutioun a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Eugène Delacroix, La liberté guidant le peuple, 1833.

"Géigerevolutionär" waren ursprénglech déi Denker, déi géint d'Franséisch Revolutioun vu 1789 waren, dorënner de Joseph de Maistre oder de Louis de Bonald. Spéider gouf de Begrëff a Frankräich benotzt, fir all politesch Tendenzen ze beschreiwen, déi 1789 net unerkannt hunn; den Historiker René Rémond nennt dës Gruppe "Legitimisten".

Intellektuell Géigerevolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Géint déi revolutionär Theorien huet sech séier eng géigerevolutionär Denkweis zanter 1790 entwéckelt, duerch Leit wéi Edmund Burke, Jacques Mallet du Pan, Joseph de Maistre a Louis de Bonald. D'Géigerevolutioun gouf geschwächt, well si sech net friddlech ausdrécke konnten, an d'Unhänger den 10. August 1792 massakréiert goufen. Duerch d'Emigratioun huet d'Géigerevolutioun a Frankräich och eng Partie vun hiren Unhänger am Land selwer verluer. D'Zuel vun den Emigrante gëtt op eng op d'mannst 150.000 Leit geschat, dorënner waren och vill Offizéier, déi hätten d'Baueren encadréiere kënnen, dës hu wéineg vun de revolutionären Exzesser vun de Paräisser gehalen.

Zu den Haaptdenker vun der Géigerevolutioun hunn de Joseph de Maistre an der Savoie, de Louis de Bonald, den Augustin Barruel an de Pierre-Paul Royer-Collard a Frankräich, den Edmund Burke an England, an de Juan Donoso Cortés a Spuenie gezielt. Si kënnen an zwou grouss Kategorien agedeelt ginn: déi eng, wéi de Burke an de Royer-Collard stoungen an enger liberaler Traditioun, anerer, wéi den Donoso Cortés, hunn en Traditionalismus an e radikalen Autoritarismus verdeedegt.

Spéider goufen all politesch Beweegungen, déi d'Legitimitéit vun der Revolutioun vu 1789 verneent hunn, als Géigerevolutionär ugesinn, déi versicht hunn, en Deel vun de Follge vun der Revolutioun z'annuléieren. Den Historiker René Rémond schwätzt vu Légitimistes. Sou war d'Majoritéit vun de post-revolutionäre Monarchisten, déi e partiellen oder komplette Retour zum Ancien Régime wollten, géigerevolutionär. D'Beweegung vun de géigerevolutionäre Legitimiste gëtt et a Frankräich nach haut, mä huet keng grouss Bedeitung. Besonnesch aktiv war d'Beweegung am Vichy-Regime, dee laut dem René Rémond éischter e géigerevolutionäre Regime war (obscho sech seng Politik Révolution nationale genannt huet) wéi e faschistesche Regime. De Slogan Travail, Famille, Patrie huet déi republikanesch Devise Liberté, Egalité, Fraternité ersat.

Militäresch Géigerevolutioun[änneren | Quelltext änneren]

D'royalistesch Regroupementer vum Camp de Jalès haten d'Schwächt vun de Géigerevolutionäre virum 10. August 1792 gewisen, den Ausmooss vun den Opstänn an der Vendée, zu Lyon, zu Bordeaux, zu Toulouse an der Chouannerie am Osten hat gewisen, datt zanter 1798 d'Majoritéit vum Land géint d'Montagnards war, a géint d'Terreur, déi huet misse benotzt ginn, fir seng un der Muecht ze halen. Ënner der Convention thermidorienne an dem Directoire waren d'Versich vun der Restauratioun vun der Monarchie eng Partie Komplotter an d'Natioun, déi duerch d'politesch Streidereie midd war, huet einfach anarchistesch fir déi eng oder aner Richtung gewielt. Dëst huet d'legislativ Muecht instabil gemaach, bis den Napoleon Bonaparte den Empire ausgeruff huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Franséisch Revolutioun an am Artikel Krich an der Vendée

Aner Géigerevolutiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wäiss Arméi, déi versicht huet, d'Bolschewiki no der Oktoberrevolutioun ze schloen, genee wéi déi däitsch Politiker, Zaldoten a Freikorps, déi d'Novemberrevolutioun 1919 verhënnere wollten, waren och Géigerevolutionär. De Generol Victoriano Huerta a spéider d'Felicistas sinn an den 1910er Jore géint d'Mexikanesch Revolutioun virgaangen.

D'Invasioun an der Schwéngsbucht 1961 op Kuba gouf och vu Géigerevolutionäre geplangt, déi gehofft haten, de Gouvernement vum Fidel Castro ze stierzen. An den 1980er hunn d'USA d'Rebelle vun der Contra-Revolución ënnerstëtzt, fir de Sandinista-Gouvernement am Nicaragua ze stierzen. D'Contras kruten och hiren Numm dohier, well si konterrevolutionär waren.

Benotzung vum Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert konterrevolutionär gouf dacks als Synonym fir reaktionär benotzt; verschidde Gruppen allerdéngs, déi als reaktionär ugesi goufen (wéi d'Nazien an d'italienesch Faschisten) hunn de Begrëff konterrevolutionär benotzt, fir hir Géigner ze beschreiwen - och wann dës Géigner Unhänger vun der Marxistescher Revolutioun waren. Generell gëtt de Begrëff reaktionär benotzt, fir déi Leit ze beschreiwen, déi géint en éischter laangen Trend vu sozialen Ännerunge sinn, wärend Géigerevolutionär éischter déi Leit sinn, déi géint eng rezent an drastesch Ännerung sinn.

D'Kleriker, déi no der Iranescher Revolutioun un d'Muecht komm sinn, goufen zu Géigerevolutionären; no der Revolutioun goufen d'Marxiste vun de Mullahs verdriwwen. Dausende vu politesche Gefaangenen, déi géint den islamesche Regime waren, goufen ëmbruecht, virun allem beim Massaker vun den Iranesche Gefaangenen 1988.

Et ass net ëmmer kloer, wien op der Säit vun der Revolutioun, a wien op der Säit vun der Géigerevolutioun steet. An Ungarn gouf de Volleksopstand vun 1956 vun de kommunisteschen Autoritéiten als Géigerevolutioun verdaamt. 30 Joer méi spéit goufen d'Evenementer vun 1956 éischter als eng Revolutioun ugesinn.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas Molnar, The Counter-Revolutioun, Funk & Wagnalls Co., 1969. (ISBN 0-308-70424-X)
  • David Horowitz, Strategien der Konterrevolution. Westliche Eindämmungspolitik 1917 bis Vietnam, Darmstadt, 1969.
  • Louis-Marie Clénet, La Contre-Révolution, PUF, Paräis, 1992. (ISBN 2-13-044201-3)
  • Pierre Beaulieu, Assassins, Traîtres et Faussaires ou la contre-révolution russe à l'oeuvre, La Librairie du Travail, Paräis, 1927.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]