Géisdrëffer Antimongrouf

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Géisdrefer Antimongrouf)
Antimonäerz aus der Géisdrëffer Grouf
Den Agang vun der Grouf (2013).
Den Antimon-Musée an der Moettelsergaass zu Géisdref.
Dekorativ Buggien um Léierpad.
Um Léierpad

D'Antimonsgrouf ass eng Grouf zu Géisdref, an där, wéi den Numm et seet, bis kuerz virum Zweete Weltkrich d'cheemescht Element Antimon erausgeholl gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an der Réimerzäit gouf zu Géisdref no Antimon gesicht. Déi éischt dokumentéiert Konzessioun ass 1354 vum Wenzel I. un d'Häre vun Esch am Lach vergi ginn. Joerhonnertelaang ass d'Grouf vu verschiddene Konzessionären exploitéiert ginn, déi och alt gehofft hunn, do Sëlwer ze fannen. Déi zweet Hallschent vum 18. Joerhonnert louch d'Grouf brooch.

1827 huet d'Société du Luxembourg d'Konzessioun iwwerholl, si wollt vum Bau vum Meuse-Musel-Kanal profitéieren, fir d'Metall mam Schëff ewech ze transportéieren. Mä d'Belsch Revolutioun huet e Stréch duerch dëse Projet gemaach. D'schlecht Transportweeër waren och de Grond, firwat och dee Konzessionär, deen duerno koum, kee Benefice konnt maachen an 1854 opginn huet, an dat, obwuel an zwee Joer 67 Tonne Réiäerz vun éischter Qualitéit an 30 Tonne vun zweeter Qualitéit erausgeholl goufen. Vun 1858 - 1864 hunn nëmme méi nach 4 Leit an der Grouf geschafft, mä och dat huet sen net rentabel gemaach. Och déi Joerzéngten duerno, wou no an no besser Stroosse gebaut goufen, hunn de Rentabilitéitsproblem net léise kënnen.

1935 gouf zwar e Block Antimonäerz vun 52 kg fonnt, dee bis dohi gréisste vun der Welt, mä 1938 ass d'Grouf definitiv zougemaach ginn. Eng Analys vum Geolog Michel Lucius huet 1948 hir Onwirtschaftlechkeet ee fir allemol confirméiert.

1913 sinn zwéin Abréch an der Entwässerungsgalerie geschitt, déi Astuerztriichteren an der Landschaft hannerlooss hunn. Och haut si sou Astierz nach zu all Ament méiglech, déi d'Pläng fir d'Grouf deelweis dem Public nees zougänglech ze maachen erschwéieren.

Den 8. August 2016 gouf d'Grouf proposéiert, fir op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ze ginn, wat dann och den 30. Juni 2017 geschitt ass.[1]

Liewensraum Grouf[änneren | Quelltext änneren]

Al Groufen zeechne sech mat hirer totaler Däischtert, konstanten Temperature tëscht 8 an 12 °C an enger héijer Loftfiichtegkeet als e gärgesinnene Liewensraum fir eng Rei vu raren Déieren, wéi beispillsweis de Fliedermais, aus. D'Grousst Mausouer (Myotis myotis), d'Baartflëntermaus (Myotis mystacinus), d'Waasserflëntermaus (Myotis daubentoni) an d'Laangouer (Plecotus auritus) siche reegelmäisseg Géisdrëffer Minne wärend fënnef Méint am Joer op fir hire Wanterschlof ze halen. D'Feieromes (Salamandra salamandra), déi am Éislek nach heefeg ass, benotzt och d'Minn als Iwwerwanterungsquartéier.

Léierpad[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm d'Antimongrouf ass e Léierpad vun 2,5 km mam Theema Op der Spur vum Antimon amenagéiert ginn. De Wee féiert vum Géisdrëffer Kulturzentrum iwwer de Plateau mat sengem Panoramabléck laanscht déi al Schmëdd an dem ale Grouwenagank de Bierg erof bei d'Entwässerungsgalerien an nees zeréck op Géisdref. Ënnerwee vermëttelen eng siwe Statioune mat informative Panneauen Interessantes iwwer d'Landschaft an den Ofbau vum Antimonäerz. Fir eenzel Aspekter ze verdäitlechen ass de Gebrauch vun engem Kompass virgesinn.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La minéralisation en antimoine de Goesdorf vum Simon Philippo an Alain Hanson. Am Kader vun enger Etüd vum MNHN: Inventaire minéralogique du Luxembourg Stolzembourg, Schimpach, Goesdorf.Säit 111 bis 146

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).