Géisserei a Schlässerei Massard

Vu Wikipedia
An der Géisserei Massard] (2006)

D'Géisserei a Schlässerei Massard zu Keel ass 1873 als Familljebetrib vun de Bridder Henri Massard (1839-1890) a Jean Massard (1844-1923) gegrënnt ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bridder Massard, déi vu Beruff Schlässer waren, haten hire Wunnsëtz zu Heeschdref. Am Joer 1873 hu si sech decidéiert, zu Keel eng Eisegéisserei mat Konstruktiounsatelier ze bauen. Se hunn déi no hirem Besëtzer genannt "Huberty's Mille" kaaft, déi direkt nieft der Keelbaach louch an eréischt 1864 gebaut gouf. Well den Terrain awer net grouss genuch war hu se vun der Gemeng Keel nach e Stéck vun 41 Ar a 7 ca op der anerer Säit vun der Baach zum Präis vun 100 Frang/Ar derbäikaaft. Den 19. Juli 1873 huet de Schäfferot vu Keel e positiven Avis fir d'Betribsgenehmegung ofginn, déi de Betrib dann och am September 1873 duerch e kinneklech-groussherzogleche Beschloss kritt huet.

Well d'Keelbach als Energiequell fir de Betrib sollt benotzt ginn, gouf 1882 eng Schleis gebaut fir d'Baach kënnen ze stauen an doduerch eng konstant Waasserhéicht iwwer der Turbinn ze erreechen. Duerch en Iwwerlafkanal ronderëm d'Wierk konnt de Waasserstand kontrolléiert ginn. Duerch de Bau vun der Schleis koum et awer zu Reklamatiounen duerch d'Noperen déi vun der Gemeng awer net acceptéiert goufen. Bis 1895 war d'Waasser vun der Keelbaach d'Haaptenergiequell vum Betrib.

Am Ufank vun hirer Aktivitéit war de Betrib op d'Produktioun vu Buggien ausgeriicht, déi an der Minettsgéigend an a Loutrengen agesat goufen. 10 Joer no der Grënnung hunn d'Bridder Massard d'Aktivitéiten duerch d'Ariichtung vun enger Eisegéisserei erweidert. De 15. Oktober 1883 gouf déi éischt Charge an engem selwer gebauten Uewe geschmolt. Nach e bëssche méi spéit koum nach eng Konstruktiounshal dobäi.

Bannent zéng Joer war de Betrib vun de Bridder Massard zu engem wichtegen Instrument vum Biergbau a vun der Eisen- a Stolindustrie ginn. D'Produkter, déi se hiergestallt hunn, goufen an engem eegenen Entwécklungsbüro konzipéiert. An hirer Gamme ware Gleiser, Weichen, Dréischeiwen, Lorrye fir Schinnen a Grouwenholz, Aarbechter-Transportween asw.

Tëscht 1930 an 1960 goufen d'Installatioune moderniséiert an d'Produkter der Nofro vum Maart ugepasst. Et goufen z. B. och Produkter fir d'Bauindustrie an de Programm geholl. De Programm vun der Géisserei gouf och erweidert op d'Géisse vun Konscht- an Dekoratiounsobjeten.

Tëscht 1982 an 1986 gouf déi al Géisserei no der Konstruktioun vun enger neier, méi leeschtungsfäeger, zougemaach. Och d'Ariichtunge vum Konstruktiounsatelier goufen den Ufuerderunge vum Maart ugepasst.

De Betrib ass haut eng S.à r.l. a gëtt a fënnefter Generatioun vum Frank Würth sengem Jong, dem Serge Würth, geleet. 70 % vun der Produktioun vun der Géisserei gëtt an d'Nopeschlänner exportéiert. De Betrib beschäftegt aktuell (November 2023) 23 Leit. [1]

==

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 150 ans d'excellence: La fonderie Massard au fil des générations. Luxemburger Wort 2023-11-18, S. 17.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]