Gérard Lommel

Vu Wikipedia
Gérard Lommel
Gebuer 12. Juli 1954
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

De Gérard Lommel, gebuer den 12. Juli 1954 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Jurist. 2002 gouf hien den éischte President vun der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun, der Commission nationale pour la protection des données.

De Gérard Lommel huet zu Nanzeg op der Universitéit Nancy II Droit studéiert. Hie war Magistrat um Parquet an huet duerno iwwer 15 Joer bei der CLT geschafft. Beim Mammenhaus vun RTL war hien zoustänneg fir juristesch, sozial an institutionell Froen.

Am Oktober 2002 gouf de Gérard Lommel zum President vun der Dateschutzkommissioun ernannt, déi duerch d'Gesetz vum 2. August 2002 iwwer den Dateschutz[1] gegrënnt gi war.

Nodeem säi Mandat 2008 ëm weider sechs Joer verlängert gi war, gouf et 2014 net erneiert, ma de Regierungsrot huet hien an der Sëtzung vum 22. Oktober 2014 zum Commissaire à la protection des banques de données ernannt. Déi Plaz ënnersteet dem Staatsminister a gouf an der selwechter Sëtzung kreéiert[2].

De 7. November 2014 huet de Regierungsrot d'Juristin Tine Larsen als seng Nofollgerin proposéiert[3]. Si war bis dohi Chef de division bei der Administration des services de secours[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 2 août 2002 relative à la protection des personnes à l'égard du traitement des données à caractère personnel. legilux.public.lu (02.08.2002). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  2. Loi du 30 mai 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2005/05/30/n4/jo+(30.05.2005).+Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  3. CNPD: Nomination des nouveaux membres effectifs
  4. Tine Larsen iwwerhëlt Dateschutzkommissioun rtl.lu