Gérard Lopez

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gérard Lopez, gebuer de 27. Dezember 1971 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e spuenesche Manager.[2] Hien ass zu Esch-Uelzecht opgewuess.

Op der Miami University zu Oxford am US-amerikanesche Bundesstaat Ohio huet hien Entrepreneuriat studéiert.

Ufanks huet hie bei Icon Solutions geschafft, duerno, vun 1995 bis 1998 fir eng e-Finanz-Gesellschaft.[3]

2000 war hie Matgrënner an ass zënterhier geschäftsféiernden Associé vun der Investment-Gesellschaft Mangrove Capital Partners S.A.[4] mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg. Mangrove ass bekannt dofir, ë. a. zu de fréien Investisseure bei der Gesellschaft Skype ze zielen.

Zënter 2008 ass hie President vum Verwaltungrot[5] vun der Investment-Gesellschaft Genii Capital S.A. mat Sëtz an der Gemeng Hesper. Am Dezember 2009 huet Genii Capital 75% vun de Parte vum Formel 1 Team vu Renault ofkaf.[6]

Hien ass President vum Foussballclub CS Fola Esch.

Referenzen [änneren]