Gëlle Fra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 60’’ N 06° 07’ 44’’ O
Gëlle Fra ass de geleefegen Numm vum Monument du souvenir, dat an der Stad Lëtzebuerg op der Constitutiounsplaz steet. Säin Numm geet op eng vergëllent Fraefigur zeréck, déi vum Sculpteur Claus Cito geschafe gouf, an déi op enger Sail steet. Ursprénglech huet et un déi Lëtzebuerger Fräiwelleg erënnert, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn, spéider gouf et, duerch seng Geschicht, och e Monument géint d'Nazidiktatur, an allgemeng d'Monument, fir u Krichsaffer z'erënneren.
[änneren] Beschreiwung
D’Monument besteet aus engem Sockel mat 2 männleche Bronzefiguren, wouvunner eng do läit a vun deer anerer betrauert gëtt, an aus enger 21 m héijer véiereckeger Sail an enger vergëllenter Bronzefigur uewendropp. Dës Figur stellt eng Fra duer, déi e Lorberkranz mat ausgestreckten Ärem viru sech hält. Si ass eng klassesch Allegorie fir de Fridden, d’Victoire, oder och d’Natioun, déi d’Krichshelden éiert. Um Sockel, op Granitplakken, geet riets vun den 3.000 Lëtzebuerger Legionnairen an den 2.500 Doudegen an de franséischen Arméien am Éischte Weltkrich.
[änneren] Geschicht, Funktioun a Symbolik
De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalcommissioun e Concours ausgeschriwwe ginn fir e Monument, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënnert den 18 Projetën, déi agereecht goufen, gouf d’"Friddenskinnigin" (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zeréckgehalen. Finanzéiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen, déi eng Surtaxe kruten (Timbre du souvenir, 1921 an 1923). De Projet war zimmlech kontroverséiert, well d’Figur mat hirem dënne Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren zevill plakeg war. D’Monument gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit.
Den Nazien, déi nom Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, Här a Meeschter waren, war d’Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober 1940 koum den Uerder, dat " Schandmal", ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail ëmgerappt an ass an 3 Stécker zerbascht. D’ Sockelfigure goufe séchergestallt, d’Steng koumen op en Depôt vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Koléisch, dee just vis-à-vis war, hunn nogekuckt an haart géint d’Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt.
Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, d’Monument erëm opzerichten, mee ouni d’Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz (zimlech delabréiert) an enger Ausstellung iwwert d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees "verschwonn", wat déi, déi am Ufank dergéint waren, wuel ganz gutt arrangéiert huet. Duerch d'Net-méi-do-Sinn vun der Gëlle Fra krut d'Monument (oder wat dervunner rescht war) eng nei Dimensioun. Et huet vun do un och, a virun allem, un d'Nazidiktatur erënnert. Spéider koume Plakke bäi, déi un d’Lëtzebuerger fräiwelleg Zaldoten am Koreakrich ërennert hunn, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet. 1981, virum Nationalfeierdag, huet de Josy Braun an engem Artikel am Tageblatt ugekënnegt, d’Gëlle Fra wir ënnert de Gradine vum stater Foussballsterrain (dem haitege Stade Josy Barthel) ëremfonnt ginn. Et koum zu enger nationaler Souscriptioun, wou Suë gesammelt goufen, fir d’Gëlle Fra ze restauréieren an ërem opzeriichten. Dës ass dann och den 23. Juni 1985 ageweit ginn.
Déi staark Symbolik, déi dëst Monument fir eng ettlech Leit huet, gouf 2001 bei enger Polemik däitlech, wéi ënner dem Numm "Lady Rosa of Luxembourg" eng verfriemt Replik vum Monument fir eng begrenzten Zäit, net wäit ewech dervun, opgestallt gouf.
D'Gëlle Fra gëtt vun den Historiker als e Lieu de mémoire vu Lëtzebuerg bezeechent.
[änneren] Literatur
- 1999 ons stad 60:
- Henri Beck: Le Monument du Souvenir. S. 2-7.
- Henri Link: Timberen fir d'Gëlle Fra. S. 8
- Paul Dostert: Die Zerstörung der Gëlle Fra am 21. Oktober 1940. S. 16-18.
- René Clesse: "Wir wollen heut' der Helden denken...". Die Geschichte eines Monuments im Spiegel der Presse. S. 19-20.
- Léon Blasen, 1985. Die Denkmäler der Stadt Luxemburg: D'Gëlle Fra (Monument du souvenir). Télécran Nr. 5, 2-8.1985, S. 38.
- Gaston Gengler, Guy May, Aloyse Raths a Lex Roth, 1985. Eis Gëlle Fra. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg. 80 S. (Brochure ouni Publikatiounsdatum. Well d'Brochure bei Geleeënheet vun der Aweiung vun 1985 verdeelt gouf, ass unzehuelen, datt se 1985 publizéiert gouf).
- Lotty Braun-Breck, 1995. Claus Cito und seine Zeit. 1882-1965. Imprimerie Saint Paul, Lëtzebuerg.
- Benoit Majerus, 2008. D'Gëlle Fra. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 291-296. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
- Aloyse Raths, 1983. Monument du Souvenir "Gëlle Fra" 1923-1983. Rappel 5-6 (mai-juin 1983): 147-174.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Fotoalbum
|
Timbre du souvenir vun 1921 an 1923, mat enger Surtaxe fir d'Monument vun der Gëlle Fra |