Göteborgsoperan

Vu Wikipedia
D'Operenhaus zu Göteborg

D'Göteborgsoperan am schweedesche Göteborg ass eent vun de modernsten Operenhaiser iwwerhaapt.

D'Gebai gouf 1994 fäerdeg. Et huet eng Längt vun 160 Meter an ass bis 85 Meter breet. D'Plafongshéicht am grousse Sall ass 22 Meter, verdeelt op 8 Stäck. D'Totalfläch ass bal 29.000 . Den Architekt war de Jan Izikowitz, dee beim Architektegrupp Lund & Valentin zu Göteborg schafft.
Am Haaptsall kënnen 1.305 Leit sëtzen, dovun der 750 ënnenan. Am klenge Sall sinn 230 Plazen.

D'Gebai ass ekipéiert fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, huet speziell Plaze fir Leit am Rollstull an et sinn Hëllefsmëttelen disponibel fir Leit, déi net gutt héieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Göteborgsoperan – Biller, Videoen oder Audiodateien