Global Positioning System

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) GPS)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministär deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.

Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mä hautdesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.

De GPS-System ass de 17. Juli 1995 offiziell a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeems den US-Verdeedegungsministär den Datestroum vun de Satellitten net méi kryptéiert, si GPS-Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Neierdéngs gi GPS-Rezeptoren esouguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Global Positioning System – Biller, Videoen oder Audiodateien