GUDD!

Vu Wikipedia
Do Logo vu „Gudd!“ op der Decksäit vun der Ausgab 14 (September 2023)

GUDD! oder Gud:-)! ass eng Zäitschrëft vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Schutz vun de Konsumenten, déi zweemol am Joer erauskomme soll a gratis un all Stéit verdeelt gëtt. Am Oktober 2016 koum se eng éischt Kéier an enger Oplo vun 240.000 Exemplaren eraus.[1]

Et geet an der Zäitschrëft drëm, an enger Zäit vun Iwwerkonsum, d'Konsumenten z'informéieren an ze sensibiliséieren a Saachen Ernierungssécherheet, Ernierung a Konsum. Se riicht sech deemno un all grouss a kleng Konsumenten zu Lëtzebuerg, awer och un d'Léierpersonal wéi un d'Acteuren aus der Landwirtschaft.

Kontrovers zur Schreifweis vum Titel[änneren | Quelltext änneren]

D'ADR huet dat Maachwierk kritiséiert, och wéinst dem Titel: "„Gudd“ soll wuel dat Lëtzebuerger Adjektiv „Gutt“ sinn"[2]. An engem extrae Communiqué äntwert d'Editiounsfirma Maison Moderne , datt GUDD!, woubäi dee leschten D um Bauch läit, e Logo a kee Lapsus wier. Gud:-)! wier d'Zesummesetze vu Gutt a Good.[3]. An deem Sënn wier dëse Logo am Geescht vum neien Nation Branding.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Virstellung vun der Zäitschrëft um Site vum Landwirtschaftsministère Archivéiert op 2017-01-06. Gekuckt de(n) 2016-11-08.
  2. Gudd keng gutt Broschür
  3. Logo amplaz Lapsus Gutt + Good = Gud:-)!