Gaalgebierg (Bieles)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Weeweiser um Gaalgebierg
Verlaf vu der fréierer Minéresbunn

De Bielesser Gaalgebierg ass eng Kopp, déi tëscht Bieles an Uewerkuer läit. Hien ass an der Gemeng Suessem ze fannen. Seng héchste Plaz ass 403 m.[1]

Inhaltsverzeechnes

Geschichtleches [änneren]

Bedeitung vum Numm [änneren]

Minièresgesellschaft Bridder Poeckes [änneren]

Vun 1927 un hunn d'Bridder Jean a Jos Poeckes de Minièresbetrib vun der Gruben- und Baufirma August Thyssen iwwerholl. Hei gouf zënter 1898 als éischt déi rout iewescht Minetteschicht ofgebaut, dono dann déi Gro an déi Schwaarz. Transportéiert goufen d'Steng a sougenannte Buggien, déi vun enger Damplokomotiv gezu goufen. Fir erof an d'Duerf ze kommen, si se beim Bremsschapp (op enger Héicht vun ca. 385m) ugestréckt a lues iwwert de Plang an d'Duerf bei de Quai gelooss ginn, wou se d'Uewerkuererstross hu misse passéieren. Bei der Bieleser Gare sinn d'Buggien dann op normal Eisebunnswaggonen ëmgefëllt ginn. Iwwert dëse Wee ass d'Minette an d'Déifferdenger oder an d'Escher Schmelz komm.

D'Bieleser Minette war zu 30% eisehalteg.

D'Ruine goufen haut zum Deel restauréiert. Op Informatiounstafele virun de Gebaier kritt een eng kleng Iwwersiicht vun de Gebailechkeeten.

De Gaalgebierg haut [änneren]

Haut loossen nëmmen nach vereenzelt raschteg Buggien, déi an den Hecke leien an den historesche Léierpad un dem Gaalgebierg seng Vergaangeheet erënneren.
Am Joer 1998 gouf eng weider Kuckeswürdegkeet ofgerappt: Déi déck Gasleitung, déi vum Héichuewe-Maschinnebetrib vun der Schmelz Esch-Belval iwwert de Gaalgebierg an d' Déifferdenger Schmelz gaangen ass. Haut ass duerch en eidelen Dall d'Siicht op Esch an op Déifferdeng fräi.

D'Kantin
De Kueleschapp
Buggien
Bremsschapp

D'Spillplaz [änneren]

Haut fënnt een um Gaalgebierg eng grouss Spillplaz mat engem Futtballsterrain, enger Skatebunn an e puer Picknick- a Grillplazen. D'Spillplaz selwer war fréier mol eng grouss Stockcarspiste. Am Februar gëtt do och dat traditionellt Buergbrennen organiséiert.

Kuckeswäertes [änneren]

Dall, duerch deen d'Gasleitung gaangen ass
  • Historesche Léierpad vun der fréierer Minièresgesellschaft
  • Grouss Spillplaz
  • Mountainbike-Pist
  • Jogging- & Fitness-Pist
  • Geologesche Léierpad

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Gaalgebierg (Bieles) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]