Gabriel Lippmann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gabriel Lippmann2.jpg
D'Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann zu Bouneweg.
Plack um Gebuertshaus zu Bouneweg.

De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann, gebuer de 16. August[1] 1845 zu Bouneweg[2] (deemools Gemeng Hollerech, zanter 1920 Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik,[3] um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.

Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien de Lycée Henri IV. an duerno d'École normale supérieure besicht huet. D'Studien do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physiklaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, duerno op Berlin bei den Helmholz.

1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënner dem Titel "Relations entre les phénomènes électriques et capillaires". Si huet därmoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik.

1886 gouf de Gabriel Lippmann an déi franséisch Académie des sciences opgeholl, 1896 an d'Londoner Royal Society an am Joer 1900 an d'Berliner Akademie der Wissenschaften.[4] Besonnesch innovativ Fuerschung huet hien am Beräich Fotografie gemaach, wou en e Procedé entwéckelt huet, deen et méiglech gemaach huet, fir mat der Interferenz vun de Liichtwellen faarweg Fotoen ze maachen. Heifir krut hien den 10. Dezember 1908 den Nobelpräis an der Physik.

De G. Lippmann war 1907 Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.[5] Hie war och Éieremember, zanter 1892, vun der Société de photographie de Luxembourg.[6]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg sinn no him benannt:

  • d'Rue Gabriel-Lippmann zu Bouneweg, déi d'Verbindung mécht tëscht der Carignan-Strooss an der Auguste-Charles-Strooss. D'Strooss, déi am Volleksmond "Juddegaass", offiziell awer "Rue de la Montagne" (Bergstraße) geheescht huet, krut den Numm vum Lippmann an der Sitzung vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925; am Krich hunn d'Nazien aus der Gabriel-Lippmann-Strooss d'"Eifelerstraße" gemaach.[7]

De Fotograf Gabriel Lippmann[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 81s (de 17. August ass d'Kand op der Gemeng ugemellt ginn).
  2. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 82.
  3. Gabriel Lippman, Scientist, Dies at Sea. The New York Times,14 July 1921.
  4. Lebon 1911, S. 18.
  5. Massard 1997, S. 88.
  6. Lebon 1911, S. 19.
  7. Massard 1987, S. 97.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel Lippmann – Biller, Videoen oder Audiodateien