Gaius Iulius Caesar

Vu Wikipedia
All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Gaius Iulius Caesar
Gebuer Juli 100 v. Chr. jul.
Roum
Gestuerwen 15. Mäerz 44 v. Chr. jul.
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Riedner, Herrscher, Dichter, Alréimesche Priister, Politiker, Feldhär, Schrëftsteller, Historiker
Famill
Kanner Augustus

De Gaius Iulius Caesar oder Julius Cäsar, gebuer den 13. Juli 100, a gestuerwen de 15. Mäerz 44, war e réimesche Staatsmann, Feldhär an Auteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Seng Originnen[änneren | Quelltext änneren]

De Julius Cäsar koum aus der renomméierter Patrizierfamill vun de Julier (gens Iulia), déi hir Wuerzelen op de Iulus zeréckféiert, de Jong vum trojaneschen Aeneas, deen dann erëm de Jong vun der Venus gewiescht si soll. Um Héichpunkt vu senger Carrière huet den Cäsar en Tempel zu Éiere vun der Venus baue gelooss, fir dës Verbindung z'ënnerstëtzen.

Dem Cäsar seng Famill war net räich am Verglach mam réimeschen Adel, a politesch haten nëmme wéineg Memberen eng Roll gespillt: wärend der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschte vun de Konsulen, mä dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war e gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir follgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwéi Konsule nogewisen, fir d'Joren 267 an 157. Dem Cäsar säi Papp gouf 92 Prätor. Verschidde Membere vun der Famill ware Konsul oder Censor. Dem Cäsar seng Originnen a seng Famill hu seng Positioun wärend de réimesche Biirgerkricher bestëmmt. Säi Monni war de Feldhär Marius, deen d'Kimbern an d'Teutonen besiigt huet, an als Konsul d'Fraktioun vun de Populares am réimesche Senat ugefouert huet.

Éischt Schrëtt[änneren | Quelltext änneren]

84 huet den Cäsar d'Cornelia bestuet, d'Duechter vum Konsul Lucius Cornelius Cinna, deen och zu de Populares gehéiert huet. Nach am selwechte Joer gouf hien zum Flamen Dialis bestëmmt.

D'familiär Relatioune mam Cinna a mam Marius hunn den Cäsar séier an d'Oppositioun vis-à-vis vum Diktator Sulla bruecht, deen d'Fraktioun vun den Optimates vertrueden huet. De Sulla huet vum Cäsar d'Scheedung vum Cornelia verlaangt, mä den Cäsar war net averstanen an huet Roum verlooss. Obwuel hien duerch d'Hëllef vun aflossräiche Frënn begnodegt gouf, ass hien net op Roum zeréckkomm.

Hie gouf mat 19 Joer Offizéier ënner dem Marcus Minucius Thermus, dem Propraetor a Statthalter vun der Provenz Asia. Bei der Belagerung vun der Insel Mytilene gouf den Cäsar mat der Corona Civica, der Biergerkroun, ausgezeechent, déi deejéinege krut, deen engem réimesche Matbierger an enger Schluecht d'Liewe gerett huet. Fir datt et mat der Belagerung e Stéck gëtt, gouf den Cäsar an enger diplomatescher Missioun bei de Kinnek Nikomedes vu Bithynien geschéckt.

Eréischt nom Doud vum Sulla (78) huet den Cäsar et gewot, zeréck op Roum ze goen a weider u senger politescher Carrière ze schaffen.

Säin Opstig[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks 73 krut den Cäsar no der Wiel zum Militärtribun dat éischt héijert Amt: Hien iwwerhëlt d'Plaz vum Gaius Aurelius Cotta a gëtt an d'Paschtouerkollegium vum Pontifices gewielt. 69 erreecht hien d'Quastur, den ënneschten Träpplek vum réimesche Cursus honorum.

Nodeem seng Fra Cornelia 68 gestuerwe war, bestit hie sech mat der Pompeia, dem räiche Kandskand vum Sulla. D'Sue kommen him fir säi politeschen Opstig geleeën. 65 gëtt hie curuleschen Aedil an 63 gëtt den Cäsar Pontifex maximus. Wärend der catilinarescher Verschwörung koum den Cäsar mat engem bloen A dovun. Obschonn hie fréier mam Catilina zesummegeschafft hat, konnt him eng Bedeelegung un der Verschwörung ni nogewise ginn. D'Joer drop gëtt hien zum Praetor gewielt. E Skandal, d'sougenannte Bona-Dea-Affär féiert 62 zur Scheedung vun der Pompeia.

Statthalter a Spuenien, Triumvir a Konsul[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt wichtegt Amt fir den Cäsar war d'Proprätur a Spuenien. Seng aggressiv Krichsféierung géint d'Iberer festegt säi Ruff als kapabele Strateg an och seng Finanzen. Genuch Geldmëttele waren eng Viraussetzung fir d'Kandidatur op d'héchsten Amt, d'Konsulat.

Vill Senateure ware géint dem Cäsar seng Ambitioune fir Konsul ze ginn. Dowéinst ass hie mam Marcus Licinius Crassus a Gnaeus Pompeius Magnus eng strateegesch Partnerschaft agaangen. Allen dräi wollte se vun hire respektive Virdeeler profitéieren. Am éischten Triumvirat koumen d'Sue vum Crassus (hie war de räichste Mann vu Roum), de militäreschen Afloss vum Pompeius (hie war den erfollegräichste Generol) an de politeschen Afloss vum Cäsar. Fir dës Allianz z'ënnermaueren huet de Pompeius dem Cäsar seng Duechter Julia bestuet.

Den Cäsar op engem Denar.

Den Triumvirat konnt dann och dem Cäsar seng Kandidatur fir d'Konsulat vun 59 duerchsetzen. Seng Amtsféierung war am Senat ëmstridden, eng Strofverfollgung nom Enn vum Konsulat gouf awer duerch déi mat fënnef Joer ongewéinlech laang Amtszäit als Prokonsul an Iryllien a Gallien (Cis- an Transalpina) verhënnert. Viru sengem Untrëtt bestit hien d'Calpurnia.

Prokonsul a Gallien[änneren | Quelltext änneren]

D'Prokonsulat a Gallie war de wichtegste Muechtgewënn fir de Cäsar. Als Prokonsul konnt hien eng Arméi opstellen an, obschonn dëst net zu senge Flichte gehéiert huet, fänkt hien e Feldzuch duerch Gallien un.

Duerch d'Verlängerung vum Triumvirat 56 zu Ravenna konnt dem Crassus a Pompeius hiert gemeinsaamt Konsulat fir 55 duerchgesat ginn, an d'Verlängerung vum Cäsar sengem Prokonsulat fir fënnef weider Joren. Doduerch konnt den Cäsar am Ganzen zéng Joer a Gallie bleiwen an d'Eruewerung vum Land ofschléissen.

Et gëtt geschat datt beim Galliekrich ronn eng Millioun Gallier hiert Liewe gelooss hunn, an eng weider Millioun versklaavt gouf. A sengem Wierk De Bello Gallico schreift den Cäsar selwer iwwer dës Zäit a Gallien. Am Vercingetorix, dem Fürst vun den Averner huet hien e redoutable Géigner begéint. Eréischt an der Schluecht bei Alesia (51) gouf déi gallesch Resistenz definitiv gebrach. De Vercingetorix, dee sech dem Cäsar virun de Mauere vun Alesia erginn hat, gouf zu Roum higeriicht.

De Biergerkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 53 war de Crassus bei engem Feldzug géint d'Parther ëm d'Liewe komm. Zu gläicher Zäit war de Pompeius méi no bei de Senat geréckelt, well him den Cäsar ze mächteg gi war. Dëst ass d'Enn vum éischten Triumvirat. Nom Enn vu sengem Prokonsulat hat den Cäsar zu Roum keng politesch Basis méi, an huet misse fäerten, vum Senat zur Recheschaft gezunn ze ginn. Dësen huet sech op d'militäresch Muecht a Fäegkeet vum Pompeius verlooss.

Wéi den Cäsar selwer zouginn huet, huet hien de Putsch wéinst senger dignitas, senger Würd, gemaach. Obschonn et verbuede war, géint de Wëlle vum Senat mam Militär an Italien anzemarschéieren, huet den Cäsar den 11. Januar 49 de Grenzfloss Rubikon iwwerschratt. Bei dësem Evenement soll dann och de berüümte Saz Alea Iacta Est (d'Wiirfel si gefall) gefall sinn. Ouni Widderstand kënnt den Cäsar zu Roum un, de Pompeius an aner Membere vum Senat waren a Griicheland geflücht.

48 gëtt den Cäsar vun den Iwwerreschter vum Senat zum Konsul gewielt, an ass doropshi géint de Pompeius gezunn, deen hien an der Schluecht bei Pharsalos a Griicheland geschloen huet. De Pompeius ass an Egypten geflücht, wou hien ermuert gouf. Den Cäsar war him an d'Land gefollegt, an huet zu Alexandria d'Kleopatra kennegeléiert.

Et sinn awer nach zwee weider Feldzich noutwenneg. Am Afrikanesche Krich ass den Cäsar 46 Vainqueur iwwer republikanesch Senatstruppen ënner dem Cato de Jonken. Am Hispanesche Krich fält d'Entscheedung 45 an der Schluecht bei Munda géint d'Jonge vum Pompeius.

Diktatur an Doud[änneren | Quelltext änneren]

Schonn éier hien endgülteg Elengherrscher gëtt, plangt den Cäsar fundamental Reforme vum réimesche Staat. Hie léisst Gesetzer codifizéieren, plangt eng grouss Bibliothéik a mam julianesche Kalenner reforméiert hien och de réimesche Kalennersystem.

Nodeem hien 46 aus Egypten zeréckkoum, gouf hie fir zéng Joer zum Diktator ernannt. No senge militäreschen Erfolleger a Spuenie gouf hien zum dictator perpetuus, zum Diktator op Liewenszäit, ernannt. Besonnesch dëse leschte verfassungswidregen Titel léisst Spekulatiounen opkommen, den Cäsar wéilt Kinnek ginn.

Nach haut si sech d'Historiker net eens, wéi wäit ee sou Spekulatioune gleewe soll. Sécher ass, datt seng Positioun där vun engem Kinnek geglach huet, och wann hien d'Monarchie net erëm agefouert huet. Op alle Fall entscheet hie sech fir e Feldzug an den Osten, fir d'Parther z'ënnerwerfen.

Iwwer de Pabeier kënnt dëse Plang allerdéngs net eraus, d'Attentat op den Cäsar setzt sengem Feldzug en Enn. Op den Ide vum Mäerz 44 fält den Cäsar engem Komplott am Senat zum Affer, déi vum Marcus Junius Brutus ugefouert gouf. Dem Cäsar seng berüümt leschte Wierder (anscheinend op Griichesch) sinn un dee Mann geriicht, fir deen hien trotz allen Ënnerscheeder e väterleche Frënd war: Kai sy teknon, Och du, mäi Jong ?. Den Cicero, Géigner vum Cäsar mä um Attentat net bedeelegt, war Zéien a schreift spéider, et wir dat gerecht Enn fir en Tyrann.

Der Legend no huet dem Cäsar seng Fra Calpurnia hie gewarnt, net an de Senat ze goen, well si vu senger Ermuerdung gedreemt hätt. Doropshin hätt den Cäsar geäntwert Et gëtt näischt wat mer fäerte mussen, ausser der Angscht.

Nom Cäsar sengem Doud komme nach weider Biergerkricher déi bis zum Joer 31 undauere wäerten.

Den Cäsar als Historiker an Auteur[änneren | Quelltext änneren]

C. Iulii Caesaris quae extant, 1678

Iwwer säi Feldzug a Gallien huet den Cäsar säi Wierk De bello Gallico[1], De gallesche Krich, geschriwwen. A sengem Wierk beschreift den Cäsar liefhaft d'Schluechten an d'Intrige wärend den néng Joer a Gallien. Doriwwer eraus kann een dem Buch och eng Rei geographesch Fakten enthuelen. De bello Gallico ass natierlech och eng Rechtfertegung vu sengem Feldzug, deen ënner anerem d'Zil hat, an der réimescher Politik present ze bleiwen a fir sech selwer als ruhmräiche Feldhär duerzestellen.

Donieft huet den Cäsar och e Wierk iwwer de réimesche Biergerkrich geschriwwen, De bello civili[2].

Weider Schrëfte sinn nëmme fragmenthaft erhalen oder ganz verluergaangen.

Wierkausgaben[änneren | Quelltext änneren]

  • Tout César; zweesproocheg Ausgab (Lat.-Fr.) vum Cäsar sengem Gesamtwierk, zesummegestallt a presentéiert vum Alessandro Garcea an op en Neits iwwersat vum Nicolas Louis Artaud; Paräis (Robert Laffont, collection "Bouquins"), 2020; 960 Säiten.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gaius Iulius Caesar. De bello Gallico / Der Gallische Krieg. Lateinisch / Deutsch. Übersetzt und herausgegeben von Marieluise Deissmann. Reclam, Stuttgart 2004, ISBN 3-15-009960-9.
  2. Gaius Iulius Caesar. Bürgerkrieg. Bellum Civile. Lateinisch/Deutsch. Otto Schönberger (Hrsg./Übers.). 4. Aufl., Artemis & Winkler, München 2005, ISBN 3-7608-1512-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.


Commons: Iulius Caesar – Biller, Videoen oder Audiodateien