Galaxiëkoup

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Galaxiëgrupp)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Galaxiëkéip a Galaxiëgruppe sinn Usammlunge vu Galaxien am Universum.

kompakt Galaxiëgrupp HCG 87

Galaxië sinn net gläichméisseg am Raum verdeelt. Si trieden a Kéip an a Strukturen op. Zanter Ufank vun der Expansioun vum Universum si si ënner dem Afloss vun der Gravitatioun entstanen a vun där zesummegehale ginn. Galaxiëgruppen a Galaxiëkéip bilden nach méi grouss Objeten, d'Galaxiësuperkéip. Galaxië bei deenen een net direkt gesäit datt se en Deel vun enger Grupp oder engem Koup sinn, heesche Feldgalaxien. No haiteger Virstellung sinn all déi Strukturen Deeler vun enger groussraimeger, schaumaarteger Verdeelung vu Kéip a Filamenter, déi sech ëm Huelraim (engl. Voids) mat enger méi klenger Galaxiendicht gruppéieren. D'Entwécklung vun där groussraimeger Struktur aus klengen zoufällegen Dichtschwankungen nom Urknall, an ënner dem Afloss vun der Gravitatioun ass e wichtegt Thema an der Kosmologie.

Galaxiëgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Usammlunge vu Galaxië mat mat manner wéi 50 Objeten an engem Volumen, mat engem Duerchmiesser vun bis zu 10 Millioune Liichtjoer (MLj) heesche Gruppen. Hir Mass ass ongeféier 1013 Sonnemassen; d'Vitesse vun den Objete variéieren ëm ongeféier 150 km/s. D'Ofgrenzung zu de Galaxiëkéip ass net genee definéiert.

Och eise Mëllechstroossesystem ass an enger Grupp, der Lokaler Grupp. Dës huet, nieft der Mëllechstrooss, d'Spiralgalaxis M 31 am Stärebild vun der Andromeda, Messier 33 am Stärebild Triangulum, an nach e Koup Galaxien déi si begleede wéi z. B. d'Magellanesch Wolleken.

An der Ëmgéigend vun der Lokaler Grupp gëtt et nach vill aner Galaxiëkéip, déi ee groussen Deel vun den hellste Galaxien um Himmel als Memberen hunn. Déi wichtegst vun dëse Gruppe sinn:

D'Ëmgéigend vun der Lokaler Grupp bis ronn 20 MLj Distanz. Den agezeechente Plang ass den Equatorplang vun der Äerd, déi zwéi Feiler ginn d'Richtung zum Zentrum vum lokale Superkoup, dem Virgo-Galaxiëkoup bzw. deem eppes méi klenge Fornax-Galaxiëkoup un, déi béid si ronn 60MLj ewech.
  • D'Maffei-Grupp, genannt nom Entdecker vun deenen zwou gréisste Galaxië vun dëser Grupp. Dës Grupp op enger Distanz vu 6 bis 12 MLj, ass, vun eis aus gesinn, bal komplett duerch d'Mëllechstroossescheif verstoppt. Obwuel et sech ëm dee nächsten Nopeschgrupp handelt, gouf si eréischt spéit am zwanzegte Joerhonnert entdeckt. Déi eenzeg hell Galaxis vun dëser Grupp, déi net duerch interstellar Extinktioun extrem ofgedonkelt erschéngt, ass d'IC 342. D'Grupp läit an de Stärebiller Cassiopeia an Camelopardalis.
  • D'Sculptor-Grupp, genannt nom Stärebild Sculptor, an deem déi hellst Objete vun der Grupp leien. Dës Grupp läit op enger Distanz vun 10 MLj an enthält mat der Sculptor-Galaxis (NGC 253) déi hellste Galaxis baussent der Lokaler Grupp, déi op der Südhallefkugel ze fannen ass.
  • D'M81-Grupp, déi nëmmen e bësse méi wäit vun der Sculptor-Grupp ewech ass a mat Bodes Galaxis (M 81) déi hellste Galaxis baussent der Lokaler Grupp enthält.
  • D'M83-Grupp oder och NGC5128-Grupp, déi no den hellste Membergalaxien, der südlecher Feierrad-Galaxis (M 83) an Centaurus A (NGC 5128) genannt ass. D'Grupp ass um Südhimmel an de Stärebiller Hydra an Centaurus ze fannen an ass 12 bis 17 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.
  • D'Canes-I-Grupp oder CVn-I-Grupp (och M94-Grupp) am Stärebild Canes Venatici. D'Grupp läit 13 bis 18 MLj ewech; hiren hellsten Objet ass d'Spiralgalaxis M 94.

Galaxiëkéip[änneren | Quelltext änneren]

Galaxiëkoup Abell 1689, mat duerch Gravitatiounslënsenwierkung zu Béi verzerrten Hannergrondgalaxien

Galaxiëkéip hunn eng Gréisst vu bis zu e puer dausend Eenzelgalaxien, déi sech all mat ënnerschiddleche Vitessen am normale Schwéierfeld vum Koup beweegen. No dem Stand vun der Fuerschung si si déi gréisst Ënnerstrukturen, déi gravitativ gebonne sinn. D'Mass läit bei ongeféier 1014 bis 1015 Sonnemassen an engem Gebitt typescherweis 10 bis 20 MLj, mat Vitessen, déi ëm 500–1000 km/s streeën (sougenannt Pekuliarvitessen). Den Haaptdeel vun der Mass vu Galaxiëkéip gëtt vun Donkeler Matière ausgemaach (zirka 80 %). Galaxiëkéip si vun engem dënnen, 10 bis 100 Millioune K waarme Gas duerchdrongen, deen duerch seng Röntgestrahlung ze gesinn ass. Dëse Gas mécht zirka 15 % vun der Mass vun engem Galaxiëkoup aus. De Rescht vun der Mass (5 %) ass an de Stäre vun de Galaxien. An der Mëtt vu Galaxiëkéip ass dacks eng riseg Elliptesch Galaxis, wéi de Messier 87 am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup am Stärebild Virgo. Ee weidere Koup ass de Coma-Galaxiëkoup am Stärebild Coma Berenices.

An den dichten Zentralregioune vun Galaxiëkéip fënnt ee meeschtens Elliptesch Galaxien, während Galaxien um Rand vu Kéip, Galaxien a Gruppen a Feldgalaxië meeschtens Spiralgalaxië sinn.

Klassifizéierung vu Galaxiëkéip[änneren | Quelltext änneren]

Ähnlech wéi sech Galaxien nom Schema vun der Hubble-Sequenz klassifizéiere loossen, kënnen och Galaxiëkéip no hirem morphologeschen Typ klassifizéiert ginn. D'Klassifizéierung ass allerdéngs manner eendeiteg an déi physikalesch Erklärung vun der Morphologie meeschtens schwiereg. Dofir huet sech bis elo kee Klassifizéierungsschema duerchgesat, allerdéngs erfreet sech dat Schema vum Rood an Sastry (RS-Schema) enger gewësser Beléiftheet, wahrscheinlech wéinst senger Ähnlechkeet zum Hubble-Schema. No dem RS-Schema ënnerscheet een unhand vun der Verdeelung vun den 10 hellsten Objete folgend Kouptypen:

D'RS-Klassifikatiounsschema fir Galaxiëkéip
  • cD-Kéip ginn vun enger eenzelner riseger cD-Galaxis am Zentrum dominéiert. Beispiller sinn d'Kéip Abell 2634 am Stärebild Pegasus, dee ronn 400 MLj ewech ass a vum NGC 7720 dominéiert gëtt, an den Abell 2199, deen op enger Distanz vu 430 MLj am Stärebild Hercules an am Hercules-Superkoup läit.
  • B-Kéip (vu binär) gi vun enger Koppel vu cD-Galaxien dominéiert. E Paradebeispill ass de berühmten Coma-Galaxiëkoup (Abell 1656), e weidert Beispill ass deen op enger Distanz vun 260 MLj leienden Galaxiëkoup Abell 569 am Stärebild Lynx (Luchs).
  • L-Kéip zeechne sech duerch eng bal linear Unuerdnung vun de gréisste Galaxien am Zentrum aus. E Beispill ass de Perseus-Galaxiëkoup (Abell 426), dee ronn 230 MLj ewech am Perseus-Pisces-Superkoup läit [1] .
  • C-Kéip (vum engleschen core) zeechne sech duerch en eenzelnen dichte Kär mat vill Groussgalaxien aus. Beispiller sinn den Hydra-I-Galaxiëkoup (Abell 1060), deen op enger Distanz vun 150 MLj läit an zum Hydra-Centaurus-Superkoup gezielt gëtt. E weideren ass den Galaxiëkoup Abell 262 am Stärebild Andromeda op enger Distanz vun 210 MLj, deen en Deel ass vum Pisces-Perseus-Superkoup. Och dee weider uewe gewisenen Galaxiëkoup Abell 1689 ass en RS-Typ C.
  • F-Kéip si flaach, d. h. an enger Richtung staark ofgeplatt, awer ouni staark Konzentratioun am Zentrum. Beispiller sinn dee ronn 290 MLj wäit ewech leiende Leo-Galaxiëkoup (Abell 1367) am Coma-Superkoup an deen op enger Distanz vu ronn 6 GLj leiende Koup IRAS 09104+4109.
  • I-Kéip hunn eng irregulär Struktur, ouni kloer definéierten Zentrum oder mat e puer Zentren. Beispiller sinn de Virgo-Galaxiëkoup an den Hercules-Galaxiëkoup (Abell 2151), e spiralräiche Koup am Superkoup mam selwechten Numm op enger Distanz vu ronn 485 MLj [2] .

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  1. [1] (en) Perseus-Pisces-Superkoup
  2. [2] (en) Hercules-Galaxiëkoup

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Galaxy clusters – Biller, Videoen oder Audiodateien