Gale (Marskrater)
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | -5.4 |
| Längt | 137.8 |
| Duerchmiesser | 154 km |
| Alter | 3,5 – 3,8 Milliarden |
| Eponym | Walter Frederick Gale |
De Gale ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Säin Duerchmiesser ass ongeféier 154 km a säin Alter gëtt op 3,5 bis 3,8 Milliarde Joer geschat. Säin Numm krut hien vum australeschen Astronom Walter Frederick Gale.
Inhaltsverzeechnes |
Lag [änneren]
De Krater läit südlech vum Flaachland Elysium Planitia, seng Koordinate si 5,4° Süd an 137,8° Ost. Den Aeolis Mons, (och Mount Sharp genannt) de Bierg an der Mëtt vum Krater ass 5,5 km héich.
Fuerschung [änneren]
Den 22. Juli 2011 gouf bekannt gemaach, datt Gale als Landeplaz fir de Marsrover Curiosity ausgewielt gouf. D'Landung ass no engem Fluch vu ronn néng Méint de 6. August 2012 um 5:31 UTC gelongen. Et erwart een, am Krater verschidde Sedimenter a Gestengsschichten ënnersichen ze kënnen. Sou soll ënner anerem och no méigleche Spure vu Liewe gesicht ginn. Och soll de geologeschen Opbau vum Mars a säi Klima méi genee erfuerscht ginn. D'Missioun erwaart sech och nei Erkenntnesser fir d'Virbereedung vu spéidere bemannte Landungen um Mars.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gale-Krater – Biller, Videoen oder Audiodateien |