Gambia-Koalitioun

Vu Wikipedia
De Fändel vu Gambia besteet aus horizontale Sträifen haaptsächlech an de Faarwe rout, blo a gréng.

Gambia-Koalitioun ass d'Bezeechnung vun enger Koalitiounssregierung aus LSAP, DP an déi gréng, déi zu Lëtzebuerg am Kader vun de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an den Diskussiounen iwwer d'Zesummesetzung vu Koalitiounen opkomm ass.

Als éischt gouf s'an engem Luxemburger-Wort-Artikel vum 16. Oktober 2013, deen e puer Deeg virun de Wale publizéiert gouf, gebraucht.[1] Den Numm leet sech vun de Faarwen of, déi dës Parteie symboliséieren (Rout fir d'LSAP, Blo fir d'DP a Gréng fir déi gréng), an déi och esou am Fändel vu Gambia erëmzefanne sinn.

Den "Erfinder" vum Begrëff, de Journalist Christoph Bumb, schrouf fënnef Joer drop, wéi d'Verhandlungen ëm eng "Gambia II"-Regierung an d'Rulle koumen, datt dat ganzt éischter als Witz geduecht gewiescht wier, datt e gehofft gehat hätt, de Gebrauch vum Ausdrock géif ofhuelen, mee datt en hätt misse feststellen, datt en eng Zort Selbstleefer gi war.[2]

D'Logoe vun den 3 concernéierte Parteien[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi, Koalitiounen no hire Faarwen ze nennen, ass net nei; sou ginn oder goufen et z. B. an Däitschland Ausdréck wéi Ampelkoalition (déi dräi Faarwe vun der Verkéiersluucht) oder Jamaika-Koalitioun (no de Faarwe vum Jamaikanesche Fändel schwaarz, gréng a giel). An der Belsch, wou alt bis zu 6 Parteien an enger Koalitioun sinn, kommen nach méi exotesch Begrëffer fir Koalitiounen eraus, wéi oranges bleues (no enger Tintins-Geschicht) oder olivier (schwaarz-gréng-orange, wat zesummegemëscht eng Zort Oliv-gréng gëtt).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort: Das Gespenst der "Gambia-Koalition", wort.lu, 16. Oktober 2013
  2. Christoph Bumb: "Ein persönliches 'mea culpa': Bitte kein 'Gambia' mehr." reporter.lu, 19. Oktober 2018.[€]