Gao-Guenie (Meteorit)

Vu Wikipedia
E Brochdeel vum Gao-Guenie-Meteorit

Bei dem Meteorit vu Gao-Guenie[1] handelt et sech ëm e Steemeteorit, deen de 5. Mäerz 1960 ongeféier 60 km nërdlech vun der Stad Léo (Burkina Faso) erofgefall war.

De Meteorit war beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär duerch d'Reiwungshëtzt zerplatzt an a ville Brochdeeler op d'Äerd gefall. D'Struktur vum Meteorit weist drophin, datt hien an dräi Phasen zerplatzt war. D'Brochstécker vun der éischter Fragmentéierung hu sech mat héijer Vitess weiderbeweegt, goufen nees opgehëtzt a sinn nees nei zerplatzt. Dee Virgank hat sech mat den entstanene Brochstécker nees widderholl.

De Meteorit staamt aus der Haaptasteroidenceinture a gehéiert zu der Klass vun den eiseräichen H5-Chondritten. Hien huet nieft Néckel-Eisen d'Mineraler Olivin a Bronzit. H5-Chondritte ware wärend hirer Genesis Temperature vun iwwer 950 °C ausgesat. Dobäi gouf den Opbau vun de Mineraler verännert, si hu sech ëmkristalliséiert an hu méi grouss Kristalle gebilt.

Cheemesch Zesummesetzung: 20 % Néckel-Eisen; 78 % Silikate; 1,5 % Waasser; 0,2 % Kuelestoff.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Meteoritical Bulletin Database: Gao-Guenie