Gara

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den offizielle Gara-Logo

D'Gara (Baskesch fir "mir sinn") ass eng zweesproocheg (Baskesch a Spuenesch) Dageszeitung déi zu Donostia am Baskeland (Spuenien) erausgi gëtt, mat erkläertem Zil d'Terrororganisation ETA ze ënnerstëtzen.

D'Gara huet eegenen Indikatiounen no 130.000 Lieser a kënnt zënter dem 30. Januar 1999 eraus. Si gesäit sech als Nofolgerin vun der lénksgeriichtener a pro-separatistescher Egin, déi de 15. Juli 1998 vun der spuenescher Regierung ënnert dem José María Aznar verbuede gouf.

Den 12. Mäerz 2004 huet se och international vu sech schwätze gemaach, wéi se um 18 Auer ze melle wousst, eng Persoun hätt am Numm vun der ETA bäi hir ugeruff, fir d'Bedeelegung vun der ETA un de Madrider Zuchuschléi ze dementéieren.

Um Spaweck [änneren]