Garantéiert Mindestakommes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Garantéiert Mindestakommes, kuerz RMG, Revenu Minimum Garanti, genannt, ass eng staatlech Ënnerstëtzung fir Bierger mat engem ze nidderegen Akommes. Zu Lëtzebuerg gouf den RMG 1986 gesetzlech agefouert.

Obwuel Lëtzebuerg dacks als räicht Land duergestallt gëtt, gëtt et am Land vill Mënschen, deenen et net gutt geet. 2003 hu ganzer 10 % vun de Leit ënner der Aarmutsgrenz gelieft.[1] 2008 waren et 14 %. Dofir gëtt et den RMG, d'garantéiert Mindestakommes. D'Gesetz vum RMG gouf zu Lëtzebuerg agefouert, fir datt déi Leit, déi um Existenzminimum gelieft hunn, och eng besser Chance hunn. Am Juni 2004 ass dat Gesetz fir déi lescht Kéier geännert ginn.

Den RMG läit am Mäerz 2009 bei 1198,67 € netto fir een Erwuessenen ouni Kanner, bei zwee Erwuessener ouni Kanner mécht den RMG 1798 € aus. All Kand dat dobäi kënnt bréngt 109 € méi.

Fir den RMG ze kréien a kenne vum Gesetz ze profitéieren, mussen dës Bedingungen erfëllt sinn:

1. Residenz: Et muss een zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, do wunnen a sech och wierklech do ophalen. Wann ee weder eng Staatsbiergerschaft vun engem EU oder engem EWR-Land huet (Europäesche Wirtschaftsraum, EU & Lichtenstein, Norwegen, Island) heemeschtslos oder e politesche Flüchtling ass, da muss ee mindestens 5 Joer während deene leschten 20 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an ugemellt sinn.

2. Alter: Et muss ee mindestens 25 Joer hunn. Mä et gëtt e puer Ausnamen:

  • Wann een e Kand huet fir dat ee Kannergeld kritt.
  • Wann een e Schwéierbehënnerte fleegt, dee permanent déi Fleeg néideg huet.

3. Akommes: Wann ee keen Akommes huet oder manner wéi de soziale Mindestloun zur Verfügung huet. Dat zielt souwuel fir Eenzelpersounen wéi och fir e Stot. Et muss ee bereet sinn all Méiglechkeeten, fir seng Situatioun ze verbesseren, auszenotzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]