Gardaséi

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Satelittebild vum Gardaséi

De Gardaséi, it.:Lago di Garda oder Benàco a Bènaco wéi en an der Géigend ëm de Séi genannt gëtt, ass de gréisste Séi vun Italien.

Säin antiken Numm war vun ongeféier 200 v. Chr. bis 800 n. Chr. Lacus benacus. Den Numm soll vun enger aler Gottheet, Benacus, ofstamen. De Gardaséi gouf duerch den Etschgletscher an der leschter Äiszäit geformt, deem seng Spuren een haut nach verfollege kann. Ëm d'Joer 2000 v. Chr. sollen dei éischt Besiidlungen um Séiufer gewiescht sinn.

De gréisste Floss deen an de Gardeséi leeft ass d'Sarca, déi um nërdlech Wutz bei Torbole draleeft, an als Mincio bei Peschiera del Garda erausleeft, fir bei Governolo an de Po ze lafen.

Am Séi gëtt et e puer Inselen. Déi gréisst, d'Isola del Garda läit bei Salò. Eng ronn 2 km südlech dervunner läit d'Isola San Biagio an déi kleng Insel i Conigli (Hueseninsel). Op San Biaggio kann e wann d'Waasser am Séi net ze héich ass zu Fouss goen. D'Insel Trimelone eng 400 Meter vun Assenza ewech, ass Arméisterrain an däerft net besicht ginn.

Commons: Lake Garda – Biller, Videoen oder Audiodateien