Gare Pafendall-Kierchbierg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gare Kierchbierg-Pafendall)
Gare Pafendall-Kierchbierg
D'Garë-Gebai
Streck 1
PK 19,075
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Pafendall
Gemeng Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 37’ 05.6’’ N
      06° 07’ 58.1’’ O
D'Gare (2018)
D'Quaien a Richtung Stad
D'Gleiser Richtung stadauswäerts

D'Gare Pafendall-Kierchbierg ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen, tëscht der Stater Gare an der Dummeldenger Gare, um PK 19,075, déi den 10. Dezember 2017 a Betrib geholl gouf. Si ass, Richtung Kierchbierg gekuckt, lénks ënner der Rouder Bréck am Uelzechtdall.

D'Gare ass eng sougenannt Suedelgare d. h. si gouf iwwer d'Gleiser ewech gebaut, a ka mat engem Lift oder Trape vum Descherwee am Pafendall aus erreecht ginn. Fir och eng Verbindung mam Kierchbierger Plateau ze kréien, gouf gläichzäiteg direkt hannendrun, am Hank, eng Standseelbunn gebaut, déi uewen um Plateau, bei der Halt Rout Bréck-Pafendall, en Iwwergank op d'Tramslinn T1 erméiglecht.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Projet vun der Gare a vum Funiculaire gouf den 12. September 2011 vum Bauteminister Claude Wiseler virgestallt, als Deel vun der Strategie fir eng Nohalteg Mobilitéit (MoDu).[2]. Mat deem Konzept soll d'Zäit, fir op de Kierchbierg ze kommen, däitlech verkierzt ginn.[2].

Tëscht 2013 an 2014 goufen Etudë fir den Avant-projet gemaach, d'Finazéierungsgesetz gouf am Summer 2014 vun der Chamber gestëmmt.[3] D'Bauaarbechten fir d'Gare a fir de Funiculaire hunn am Mäerz 2015 ugefaangen.[4]. Am Mee 2015 goung et lass mat den Terrassementsaarbechten[5].

De Bau vum Garë-Gebai selwer goung am Mäerz 2016 lass. D'Käschte fir de Bau vun der Gare an dem Funiculaire ginn op zesummen eng 96 Milliounen Euro geschat.[2]

Bauphasen[änneren | Quelltext änneren]

Trafick[änneren | Quelltext änneren]

Zanter de 5. a 6. Quai an der Stater Gare fäerdeg sinn (Enn 2021), kënne méi Zich 'riicht duerch' fueren a sou d'Passagéier méi séier heihi bréngen.

An den éischten 11 Méint, an deenen d'Gare Pafendall-Kierchbierg a Betrib war, goufen am Ganzen 965.330 Passagéier do gezielt.[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Pafendall-Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal (Pont Rouge)." Presentatioun vun der neier Gare, zesumme mam Funiculaire, op der Websäit vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, 02-03-2015 (gekuckt 08.01.2016).
  2. 2,0 2,1 2,2 "Gare de Kirchberg-Pfaffenthal". op rail.lu (gekuckt: 18.10.2017
  3. "Infrastructure ferroviaire Projets 2015 – 2024 Exemple: Funiculaire Arrêt Kirchberg - Pfaffenthal." 18.09.2015. op mobiliteit.lu (gekuckt 18.10.2017).
  4. Jörg Tschürtz: "La gare du Pont rouge sur de bons rails." lessentiel.lu, 2.3.2015 (gekuckt: 18.10.2017).
  5. Thomas Holzer: "63 secondes pour aller du Pfaffenthal au Kirchberg." lessentiel.lu, 02.07.2015 (gekuckt: 18.10.2017)
  6. " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.