Gare Attem

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Gare vun Attem

D'Gare Attem ass eng Gare um Terrain vun der Gemeng Éibeng, déi den 1. Dezember 1874 op der Streck Attem-Péiteng, déi vum Prënz gebaut gouf, opgaangen ass . An der Gare vun Attem lafen dräi SNCB-Linnen zesummen, an zwar d'171, d'167 an d'165. Den CFL fiert d'Gare iwwer d'CFL-Linn 80 un déi gläichzäiteg den Terminus vun den CFL Linne 60 a 70 ass.

D'Gare huet 3 Quaien déi fir de Passagéiertrafic accessibel sinn. Wéi op de meeschten eelere belsche Garë gëtt et kee Souterrain an et muss een iwwert ee Passage goen deen am Gleis läit, fir op d'Quaien 2 an 3 ze kommen.

D'Gare gëtt niewent dem Passagéiertrafic vun enger grousser Zuel Gidderzich duerchfuer déi entweder aus dem Beetebuerger Triage kommen, oder vun der Libramonter Streck aus dohinner ënnerwee sinn.

Kuerz hannert der Sortie vun der Gare ass de Systemwiessel tëscht dem lëtzebuergesche Wiesselstroum vu 25kV 50 \mathrm{Hz} an dem belsche Gläichstroum mat 3kV.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Tarifikatioun

D'Gare vun Attem ass di eenzeg Gare vum Infrabelreseau an där et zwee Tarifikatiounssystemer ginn. Well d'CFL de Gros vun den Zich op där Gare stellen, ass Attem als "Gare assimilée" en Deel vum Lëtzebuerger Tarifikatiounsreseau, d'lëtzebuergesch Billjeeë gëllen deemno och zu Attem, wann et Richtung Rodange geet. D'Zich an Direktioun Arel ginn dogéint no belschem System tariféiert.

[änneren] Zich déi an der Gare halen

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rodange   RB
CFL-Linn 60
  Terminus Terminus
Arel Miezeg   L
CFL-Linn 80
An der Woch
  Rodange Libramont / Virton

[änneren] Fir ze kucken

Op der Plaz virun der Gare steet en 105 mm Mortier deen d'20. Atilleriesregiment der Stad Athus 1993 bei der Opléisung vum Regiment geschenkt huet.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Gare Attem – Biller, Videoen oder Audiodateien


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen