Gare Bartreng-Stroossen

Vu Wikipedia
Gare Bartreng-Stroossen
Streck 5
PK 6,178
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Bartreng
Gemeng Bartreng
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 47’’ N
      6° 03’ 34’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Bartreng-Stroossen ass eng Gare op der CFL-Linn 5, tëscht de Gare Lëtzebuerg a Mamer-Lycée vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Terrain vun der Gemeng Bartreng, no bei Stroossen.

D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz an Direktioun Arel huet.

D'Gare Bartreng-Stroossen huet e gratis Park & Rail-Parking mat 56 Plazen, eng Salle d'attente, eng Trap fir op de Quai vis-à-vis ze kommen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit a fir Motoen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Gare gouf 1858 gebaut an hat eng kleng Salle d'attente. 1883 gouf d'Gebai eng éischt Kéier vergréissert an ëm 1900 gouf den hëlzene Schapp mat engem Steebau ersat. 1908 gouf d'Gebai vun der Gare eng zweet Kéier vergréissert.

1956 bei der Elektrifizéierung vun der Streck goufen d'Gleiser erneiert an déi mechanesch Signaler mat Drotseelzuch goufe mat elektreschen ersat.

1976 goufen all d'Anlage moderniséiert an déi al Gare ass ewechgerappt ginn. En neit Gebai gouf op der Plaz vum Gardshaische vum PN 79 gebaut, deen och suppriméiert gouf. Et gouf och en neit Relaisstellwierk gebaut, a Previsioun vun enger Fernsteierung op der ganzer Streck.

Zu der Gare Bartreng-Stroossen gehéieren och d'Uschlëss vun de Bensinnsdepoten, déi a Richtung Lëtzebuerg tëscht Bartreng an der Helfenter Bréck sinn.

Fir sech dat aalt Garesgebai virzestellen, brauch ee just d'Gare vu Mamer kucken ze goen, dat ass e Guet dervun.

2014 gouf dat aalt Relaisstellwierk, dat bis dohi vu Klengbette ferngesteiert gi war duerch dat neit elektronescht Stellwierk vu Klengbetten ersat. Zanterhier gëtt d'Gare vu Bartreng-Stroossen ouni Zwëschestatioun vu Klengbetten aus gesteiert.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB
CFL-Linn 50 
  Mamer-Lycée
oder Mamer
Klengbetten
oder Arel

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Bartreng-Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Garen op der Streck Lëtzebuerg - Klengbetten / Linn 5

Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Capellen - Klengbetten
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 1a · Linn 1b · Linn 2 · Linn 3 · Linn 4 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6a · Linn 6b· Linn 6c · Linn 6e · Linn 6d · Linn 7 · Linn 80