Gare Beetebuerg

Vu Wikipedia
Gare Beetebuerg
Streck 6, 6a, 6b
PK 5,161 (Linn 6)
0,00 (Linn 6a)
0,00 (Linn 6b)
Quaien 3
Gleiser 7
Uertschaft Beetebuerg
Gemeng Beetebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 30’ 58’’ N
      6° 06’ 04’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare vu Beetebuerg ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Bierchem, der Gare vu Grouss-Hetteng respektiv der Gare Diddeleng-Biereng an der Gare Näerzeng vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare vu Beetebuerg huet e gratis Park & Rail-Parking mat 311 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Direkt niewendrun ass eng Bus-Gare.

D'Gebai fir d'Voyageuren, déi fréier Lampisterie an dat fréiert Gebai vun der Douane goufen den 13. Juni 2022 proposéiert, als nationaalt Monument klasséiert ze ginn[1].

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

1855 gouf an engem Accord tëscht Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich decidéiert, eng Eisebunnsstreck vun Diddenuewen iwwer Lëtzebuerg op Arel ze bauen. D'Geschäftsleit Adolphe Favre a Stephan Jouve krute vum Lëtzebuerger Staat d'Konzessioun fir den Deel op Lëtzebuerger Territoire an hunn am Juli 1856 ob der franséischer Grenz mam Bau ugefaangen.

Well een de Ginzebierg bei Diddeleng net ëmfuere konnt, ouni déi virgeschriwwe Maximalsteigung vun 1,25% z'iwwerschreiden, huet missen eng 1.500 Meter laang Tranchée ausgehäit an en 350 Meter laangen Tunnel gebaut ginn. Am Ausgank vum Zoufftgener Tunnel koum een op Lëtzebuerger Territoire wouwéinst den Adolphe Favre eng Gare direkt hanner der Grenz wollt, fir de Fall datt en Zuch am Tunnel géif hänkebleiwen.

Nodeem de 16. Juli 1859 den éischten Zuch tëscht Hesper an der franséischer Grenz gefuer ass, dat a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau, gouf d'Streck de 5. August eegleiseg a Betrib geholl. Dat waren ufanks 4 Koppele Persounenzich déi vun der Stad aus 35 Minutte gebraucht hunn.

1860 koum d'Streck op Esch-Uelzecht a Rëmeleng derbäi. 1883 gouf en Uschloss fir d'Schmelz vun Diddeleng gebaut.

Vun 1899 bis 1954 war et och d'Kappgare vun der Vizinalstreck Beetebuerg-Uespelt. Am Abrëll 1955 goufen an der Gare d'Catenairen installéiert.

1969 gouf decidéiert eng zentral Rangéiergare ze bauen, fir de ganze Rangéierbetrib op enger Plaz ze konzentréieren. Well déi meescht Wueren aus Frankräich koumen a Beetebuerg no bei den Schmelze vum Minett louch, gouf a Richtung Diddeleng eng Rangéiergare mat 24 Gleiser gebaut.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Bierchem RB

CFL-

Linn 60

Näerzeng Rodange
Lëtzebuerg Bierchem RE

CFL-

Linn 60

Näerzeng Rodange
Rodange Näerzeng RB

CFL-

Linn 60

Bierchem Lëtzebuerg
Rodange Näerzeng RE

CFL-

Linn 60

Bierchem Lëtzebuerg
Terminus Terminus RB

CFL-

Linn 60a

Diddeleng-Biereng Diddeleng-Schmelz oder

Wuelereng

Lëtzebuerg Lëtzebuerg RE

CFL-

Linn 60a

Diddeleng-Biereng Wuelmereng
Diddeleng-Schmelz oder

Wuelereng

Diddeleng-Biereng RB

CFL-

Linn 60a

Terminus Terminus
Wuelmereng Diddeleng-Biereng RE

CFL-

Linn 60a

Lëtzebuerg Lëtzebuerg
Lëtzebuerg Lëtzebuerg TER

CFL-

Linn 90

Grouss-Hetteng oder Diddenuewen Metz oder Nanzeg
Metz oder Nanzeg Grouss-Hetteng oder Diddenuewen TER

CFL-

Linn 90

Lëtzebuerg Lëtzebuerg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).