Gare Belval-Université

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gare Belval-Université
Gare Belval-Université 2010-10-17 A.JPG
CFL-Linn(en) 60f
P.K. 12.359
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Esch-Belval
Gemeng Esch-Uelzecht
Kanton Esch-Uelzecht
Park & Rail-Parking -
Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit -
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 29’ 59’’ N
     05° 56’ 46’’ O
Websäit CFL.lu
D'Gare vu Südosten aus (Okt.2010).

D'Gare Belval-Université ass eng Gare op der Linn 60 tëscht der Gare Esch-Uelzecht an der Gare Belval-Réideng vun der Lëtzebuerger Eisebunn, um Site vun Esch-Belval.

Bis de 14. Dezember 2008 huet d'Gare Belval-Usines Rockhal geheescht, an ier d'Rockhal gebaut gouf, Belval-Usines.

Tëscht Mäerz 2008 a September 2010 gouf en neit Garë-Gebai gebaut, eng ronn 200 m, an Direktioun Esch, vun der fréierer Gare ewech. Architekt ass de Jim Clemes. D'Baukäschte waren op 60 Milliounen Euro ugeluecht. D'Gebai huet en Daach, deem seng Fënstere mat ETFE-Folie iwwerzu sinn, wat et erméiglecht, jee no Sonnenintensitéit méi oder manner Luucht (an Hëtzt) duerchzeloossen.[1]

Ier d'Gebai, dat dem Architekt no engem Mued oder enger Raup gläiche géif, gebaut konnt ginn, hu missen eng Strooss an Héichspannungskabele verluecht ginn, an souguer d'Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg huet misse liicht verréckelt ginn.

Dat neit Gebai gouf den 28. September 2010 a Presenz vum Groussherzog Henri a senger Madame, dem Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, Claude Wiseler, dem Verwaltungsrot vun der CFL, Jeannot Waringo, dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer, dem Architekt Jim Clemes an de Buergermeeschtere vun Esch a Suessem, ageweit.[2]

Et kënnt een iwwer dräi Passerellen an d'Gare, déi op Pilieren iwwer de Gleiser ass: vun Norden, vun der Rockhal a vum Belval Plaza hier, vu Süde vum Park and Ride-Parking fir 1.620 Autoen an enger Autobusgare.[3]

De 14. Dezember 2009 gouf Belval un eng nei Verbindung Diddenuewen-Belval-Lonkech agebonnen, déi vun der CFL an der SNCF zesummen exploitéiert gëtt, an déi et de Frontaliere méi einfach maache soll, aus Frankräich op Belval ze kommen.[4]

D'CFL rechent mat bis zu 32.000 Passagéier, déi do 2020 am Dag ukommen a fortfuere géifen.[5]

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Esch-Uelzecht   RB
CFL-Linn 60 
  Belval-Lycée Rodange / Attem

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Clees, Text an Annick Sinner , Illustratiounen: "D'Gare vu Belval", Éditions Guy Binsfeld, 2008

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Belval Université train station‎ – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Großer Bahnhof auf Belval." wort.lu 10.02.2009.
  2. "Zweitgrößter Bahnhof des Landes wird offiziell eröffnet". tageblatt.lu, 28/09/2010 07:47:00; "Futuristische Raupe für die Zukunft Belvals" tageblatt.lu, 28/09/2010 21:47:00. "'Tor zu Belval' eröffnet." wort.lu, 28.09.2010 18:18, aktualiséiert 28.09.2010 20:14. "Belval-Université : le train entre en gare." lequotidien.lu, 29/09/2010 08:40:00. Op rtl.lu sinn och eng sëlleche Fotoe vum René Scho dozou ze gesinn.
  3. "Mit Bus und Bahn nach Belval." wort.lu 10.11.2009 08:04.
  4. "Thionville - Belval - Longwy: Bahnhof Belval-Université wird mehr und mehr zum regionalen Drehkreuz." wort.lu 15.12.2009 08:12.
  5. "Großer Bahnhof ..."


Garen op der Linn 60

Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Bierchem - Beetebuerg
Beetebuerg - Wuelmereng: Beetebuerg - Bireng - Diddeleng-Stad - Diddeleng-Zenter - Diddeleng-Schmelz - Wuelmereng
Beetebuerg - Péiteng: Beetebuerg - Näerzeng - Schëffleng - Esch - Belval-Université - Belval Lycée - Belval-Réideng - Bieles-Zolwer - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Péiteng
Antenn Rëmeleng: Näerzeng - Keel - Téiteng - Rëmeleng
Antenn Däitsch-Oth: Esch - Däitsch-Oth
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Streck Lëtzebuerg - Péiteng · CFL-Linn 60 · CFL-Linn 30