Gare Bréissel-Nord
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Gare du Nord ass eng SNCB/NMBS-Gare nërdlech vum Stadkär vu Bréissel, am sougenannte Quartier Nord. Si ass den nërdlechen Endpunkt vun der Nord-Süd-Verbindung a gëtt all Dag vun engen 1.200 Zich ugefuer. Op eng Woch gesinn benotze ronn 200.000 Léit d'Gare du Nord.
Si gouf 1952 gebaut an ass zënterhier wäitgehend onverännert bliwwen. Ursprénglech hu sech d'Gare du Midi an d'Gare du Nord vill geglach, mä zënter dat d'Gare am Süden fir den TGV, Thalys, ICE an Eurostar amenagéiert gouf, huet se vill vum Charme verluer deen ob der Gare du Nord nach ze gesinn ass.
Ausser den Thalys halen all national an international Zich, déi d'Nord-Süd-Verbindung benotzen, an der Gare.
| Commons: Gare Bréissel-Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien |