Gare Bréissel-Schuman
D' Gare Bréissel-Schuman (fr: Bruxelles-Schuman; nl: Brussel-Schuman) ass eng Gare zu Bréissel. Se läit op der SNCB-Linn 161 tëscht de Garen Bruxelles-Luxembourg a Bréissel-Nord, an huet eng Verbindung mat der Metrostatioun, déi och Schuman heescht, an déi vun de Linnen 1 a 5 ugefuer gëtt.
D'Gare Bréissel-Schuman ass gréisstendeels ënnerierdech, ënnert der Rue de la Loi. Si huet 2 Gleisen an 2 Quaien, mee et sinn Aarbechten amgaang, fir zwee weider Gleisen unzeleeën, déi duerch en neien Tunnel, deen och am Gaang ass, gebaut ze ginn, mat der Gare Schaerbeek-Formation verbonne solle ginn. Bei deenen Aarbechte gëtt déi ganz Gare ëm- an ausgebaut, ë. a. och, fir eng besser Verbindung mam Metro ze kréien.
D'Aarbechten hätte sollen 2010 fäerdeg sinn, se wäerten awer eng gutt 2-3 Joer méi laaang dauere, wéi geplangt.
Hiren Numm huet se vum Rond-Point Robert-Schuman nobäi, dee sengersäits nom Politiker Robert Schuman benannt ass.
| Commons: Schuman station, Brussels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Namur | Rhisnes | Saint-Denis-Bovesse | Beuzet | Lonzée | Gembloux | Ernage | Chastre | Blanmont | Mont-Saint-Guibert | Ottignies | Limelette-Buston | Profondsart | Rixensart | Genval | La Hulpe | Bakenbos | Hoeilaart | Groenendaal | Forêt de Soignes | Boitsfort | Watermael | Etterbeek | Bréissel-Lëtzebuerg | Bréissel-Schuman | Schaerbeek