Gare Ettelbréck
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| CFL-Linn(en) | 10 | ||||
| P.K. | 47.184 | ||||
| Quaien | 3 | ||||
| Gleiser | 5 | ||||
| Uertschaft | Ettelbréck | ||||
| Gemeng | Ettelbréck | ||||
| Kanton | Dikrech | ||||
| Park & Rail-Parking | Jo | ||||
| Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit | Jo | ||||
| Koordinaten | 49° 50' 46" N 6° 6' 17" O |
||||
| Websäit | CFL.lu | ||||
D'Gare vun Ettelbréck ass eng Gare un der Linn 10, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Schieren an der Gare Méchela vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Vun der Gare Ettelbréck fuere Persounenzich och nach op d'Gare Dikrech.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet.
Vun der Gare Ettelbréck fuere Gidderzich op Kolmer-Bierg an op Biissen iwwer deen Deel vun der Atert-Linn, deen iwwreg bliwwen ass.
D'Gare Ettelbréck huet 3 gratis "Park & Rail"- Parkinge mat 198 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Op de Quai 3 féiert nëmmen eng Ënnerféierung mat Trapen, op déi Manéier ass d'Gare net fir Leit mat Rollstill ageriicht.
Bis den 23. September 1967 war d'Gare vun Ettelbréck Terminus op der Atertlinn
[änneren] Zich déi an der Gare halen
| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Lëtzebuerg | Schieren | RB CFL-Linn 10 |
Méchela | Wolz | ||
| Terminus | Terminus | RB CFL-Linn 10 |
Dikrech | Dikrech | ||
| Lëtzebuerg | Miersch | IR CFL-Linn 10 |
Dikrech | Dikrech | ||
| Lëtzebuerg | Miersch | IR m | Kautebaach | Ëlwen / Liers | ||
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Ettelbréck op der CFL-Websäit (fr)
- D'Gare Ettelbréck op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Ettelbréck op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
|
|||
|
Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen |